Den éischte Budgetsprojet vun der neier CSV-DP Regierung gouf elo deposéiert. Ganz graff kann een en esou resuméieren: d’Regierung wëll d’Leit an d’Betriber entlaaschten.

Dat soll méi Aktivitéit schafen an deemno méi Recettë fir de Staat. An dank der Croissance, mä och Spuermesuren bei de Fonctionementskäschten, géing de Budgetsdefizit zeréckgoen. De Fränz Aulner fënnt am Commentaire haut net alles verkéiert, mä hie stellt sech trotzdeem nach eng Rei Froen.

Commentaire vum François Aulner

Picken der awer just puer eraus, well bei 2 Mol méi ewéi 600 Säiten stelle sech der ze vill. Ugefaange mat: wéi wäert d’Ekonomie sech eigentlech déi nächst Méint a Jore weider entwéckelen? D’Regierung ass éischter optimistesch a rechent mat enger Reprise dëst Joer: de Finanzminister sot, hie géing eng "positiv Grondstëmmung" spieren a wëll dat och ënnerstëtzen. Mat Aussoen a mat Steierreduktiounen. Wien ass scho géint Steierreduktiounen a wat géingen am Géigendeel Pessimismus a Steierhaussen bréngen?

Mä heizou awer zwou vu ville Froen: féiere Steierreduktiounen tatsächlech zu méi Aktivitéit an deemno méi Recetten? "Jein". Wat d’Betriber ugeet, kann dat deelweis de Fall sinn. D’Suen, déi d’Leit méi am Portmonni hunn, déi lande par konter zu engem groussen Deel am Ausland. Déi zweet Fro, déi stellt sech d’ganz Gesellschaft hei am Land, mee och am Ausland zanter Joren: Wéi vill kaschten d’Konsequenze vum Wuesstem d’Ëmwelt oder d’Liewensqualitéit?

Un där Fro hänken der jo nach eng Partie, mä nächste Punkt wat de Staatsbudget ugeet: D’Spuerefforte bei de Fonctionementskäschte vum Staat, déi de Finanzminsiter jo ugekënnegt huet.

Éischtens kann ee begréissen, datt d’CSV wéi et schéngt, net méi just op méi Croissance setzt. Dann datt iwwerhaapt nom Regierungswiessel gewëss automatesch Haussë vun Ausgaben op de Leescht hëlt. Hei stelle sech nach eng ganz Rei Detail-Froen, ewéi zum Beispill a wéi enge Beräicher tatsächlech elo manner Leit agestallt ginn an ob d’Digitaliséierung eventuell Personalmänktem wierklech kéint opfänken.

Apel fir den Duuscht, wou bass de?

Eppes muss een dem Finanzminister loossen: a senger Presentatioun huet hie seng Budgetspolitik ganz "schmackaft" eriwwer kritt. Se vermëttelt Responsabilitéit an Effizienz, ouni engem Angscht ze maachen. Dorausser ergi sech awer erëm zwou Froen, déi zesummenhänken: kommen déi onpopulär Mesuren no den Europawalen? De Gilles Roth huet sech zu Entlaaschtunge fir d’Leit op Dauer engagéiert. Mee dann déi aner Fro, déi méi fundamental ass: geet de Lëtzebuerger Modell ouni onpopulär Mesuren ëmmer weider op?

Nom zweete Weltkrich ass et makroekonomesch gesi bal ëmmer nëmme biergop gaangen an zanter der Stolkris hu kaum nach Mesurë missen ergraff ginn, déi wéi dinn. Am Joer 2024 funktionéiert Lëtzebuerg antëscht ressourcëméisseg iwwert senge Verhältnisser. Vill Leit verléiere gläichzäiteg den Uschloss. De Pensiounssystem ass ëmmer méi ënner Drock. Bis elo ass et iergendwéi ëmmer gaangen. Mä wéi laang nach? An ofgesinn dovunner: wat geschitt, wann den optimistesche "Plang A" net opgeet? Wou ass eigentlech den Apel fir den Duuscht?