E Méindeg huet de Regierungsrot decidéiert, d'Reform vum Loyersgesetz endlech ze deblockéieren. Dat awer ouni den ëmstriddene Loyersdeckel.

De Commentaire vum Maxime Gillen

D'Loyerspräisser ze bremsen, dierft awer nëmmen „aufgeschoben" an net „aufgehoben" sinn, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Endlech, kann ee bal soen, wann een iwwert d'Loyersgesetz schwätzt. Endlech gi längst iwwerfälleg Mesurë geholl, fir de gesetzleche Kader un d'Realitéit vun haut unzepassen. Bon, u sech hätt e scho gëschter a virgëschter mussen ugepasst ginn. Well Wunngemeinschafte ginn et scho laang, just dass déi um Pabeier ëmmer hu mussen als ee gemeinsame Stot gëllen. Dat ass weder fir d'Locatairen nach fir d'Proprietäre gutt. An dobäi misst et der Regierung dach scho laang en Uleies sinn, eng Wunnform ze fërderen, mat där Logement effikass genotzt gëtt a virun allem och Eefamilljenhaiser fir d'Locatioun interessant mécht.

Donieft soll och endlech gereegelt ginn, wéini eng Garantie locative muss zeréckbezuelt ginn. Och alt erëm längst iwwerfälleg a leider, wéi d'Realitéit um Marché weist, batter néideg. D'selwecht beim Opdeele vun de Käschte vun Immobilienagencen. Et mécht kee Sënn, dass deen, deen den Optrag fir e Service gëtt, deen um Enn net muss bezuelen. Derbäi kënnt, dass dat enorm vill Suen sinn, déi e potentielle Locataire direkt am Ufank vum Bail muss op den Dësch leeën. Schliisslech muss jo och nach e puer Méint Loyer als Garantie hannerluecht ginn. D'Käschte fir d'Agence opzedeelen ass deemno e wichtege Schrëtt.

Den Elefant am Raum ass awer, dass déi geplangten Ännerungen um Präisdeckel fir Loyeren aus dem Gesetzesprojet erausgeholl ginn. Wéi an den Avise vun alle Säiten ze liesen ass, huet d'Propos vum viregte Logementsminister Kox d'Strooss net gehalen.

Den aktuelle Logementsminister Meisch huet en Dënschdeg per Communiqué erkläert, dass ee sech déi néideg Zäit wëll ginn, de Probleem z'analyséieren an eng nei Propos ze maachen. Dat ass gutt, mä och hei gëtt et héich Zäit, datt eppes geschitt. Well déi aktuell Loyersbrems funktionéiert net. Iwwerhaapt net. Op esou ville Punkten.

Gläichzäiteg gëtt eng Wunneng lounen ëmmer méi zur Belaaschtung. An der Reegel sinn d'Locataire jo Leit, déi net wëllen oder kënne kafen. A lounen huet absolut seng Virdeeler. Et muss een näischt bezuelen, wann d'Heizung futti fiert a wann et engem net méi do gefält, da kënnegt een einfach. De Präis dofir ass, dass d'Sue fir de Loyer duerch d'Päif sinn. Ma wärend all Bank muss kontrolléieren, dass hir Clienten net ze vill vun hirem Revenu disponible fir hire Prêt mussen hierginn, pickt dat beim Loyer am Zweiwelsfall kee Mënsch.

An esou verléieren d'Loyeren hei am Land ëmmer méi d'Relatioun mat der Kafkraaft vun de Leit. Eleng zejoert sinn d'Loyeren am ganze Land am Schnëtt ëm 8,5 Prozent an d'Luucht gaangen. Dat dreift net nëmmen d'Schéier tëscht Aarm a Räich weider auserneen, dat mécht d'Land och ëmmer manner attraktiv fir heihinner schaffen ze kommen. Liewensqualitéit bedeit nämlech och, nieft dem Loyer, dem Iessen an am Idealfall dem Spueren, nach eng Mouk iwwreg ze hunn.

Dat ass keng kleng Aufgab, ech weess. Déi viregt Regierung huet et net hikritt. Ech sinn deemno gespaant, wat déi aktuell Ekipp fäerdeg bréngt.