E Méindeg ass et bei der Piratepartei zu engem Eclat komm. Mam Ben Polidori huet ee vun den dräi Deputéierte säi Parteiaustrëtt annoncéiert.

Dono goufen zudeem massiv Differenzen tëscht deenen zwee aneren Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen ëffentlech. Dës ginn esou wäit, datt déi Zwee an Zukunft just nach sou enk wéi onbedéngt néideg an der Chamber mateneen zesummeschaffe wëllen. Den Ufank vum Enn vun der Piratepartei ass domadder agelaut, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Bis zu 7 Sëtz waren de Piraten deelweis an Ëmfroe mat Bléck op d'Chamberwalen am Oktober d'lescht Joer virausgesot ginn. Selwer hate se sech d'Fraktiounsstäerkt, also 5 Sëtz, zum Zil gesat an heemlech vläicht gehofft, si kéinten Deel vun enger neier Koalitioun ginn. Um Enn sinn awer grad emol 3 Mandater erausgesprongen, ze mann fir et vun der Oppositiounsbänk erof ze packen. Mee och wann d'Erwaardunge respektiv d'Hoffnungen net erfëllt goufen, konnt ee sech mat engem Resultat vu 6,74 Prozent par Rapport zu de Walen 2018 awer ëmmerhi liicht verbesseren an ee Sëtz am Norden derbäi gewannen. Et hätt ee kënne mengen, d'Pirateschëff wier op Kurs. Mam Sven Clement als Kapitän an dem Marc Goergen als Navigator. An dem Ben Polidori, jo als wat iwwerhaapt, Smutje oder awer éischter Papagei? Ma wéi dee bis méi mam Sven Clement ze doen a gesinn hat, wat d'Pirate virun enger Partie Jore fir eng Zopp gebrutscht haten, Stéchwuert Iwwersetzungsapp MALT, hat de Ben Polidori keen Appetit méi a wollt och näischt noplapperen. Mat Spannung gëtt lo dorobber gekuckt, wou säi Rettungsboot als nächst uleeë wäert. Als Favorit gëllt d'LSAP, ma wann en 2028 rëmgewielt wëllt ginn, ass Nord-Lëscht vun der CSV wuel déi attraktiivsten Adress.

Datt en d'Decisioun vu sengem Austrëtt réischt 10 Minutten, äert d'Fraktiounsiesse vun der Piratepartei ufänke sollt, ëffentlech gemaach huet, war sécher kee gudde Stil. Ma et huet awer op d'mannst bewierkt, datt seng fréier Parteikolleege Sven Clement a Marc Goergen gezwonge waren, bis zu engem gewësse Grad ze improviséieren. An dat huet wuel och derzou gefouert, datt déi zwee op der Pressekonferenz keen eenheetleche Message vermëttelt hunn. De Marc Goergen huet nämlech däitlech méi Versteesdemech fir dem Ben Polidori seng Onzefriddenheet gewisen an dervu geschwat, datt an der Vergaangenheet Saache schif gelaf wiere wéi de Sven Clement. Datt de Marc Goergen spéider dann nach iwwert d'Medie public gemaach huet, datt hien net méi wëllt, datt de Sven Clement Zougrëff op déi Suen huet, déi him als Deputéierten zoustinn, weist wéi grouss d'Mësstrauen ass. Datt een op där Basis nach 4 Joer laang als eng politesch Sensibilitéit optrëtt, schéngt zimmlech onwarscheinlech. Wie geet, dierft an éischter Linn dovunner ofhänken, wie wéi eng Alternativen huet. Anescht wéi de Ben Polidori, dee bis elo nach net grouss politesch opgefall ass, hu Clement a Goergen déi aner Fraktiounen an der leschter Legislatur deels zimmlech hefteg ugegraff. Well de Sven Clement méi bekannt ass an dowéinst potenziell méi Stëmme bréngt, dierft een him dat warscheinlech éischter verzeien. Bis op ADR an déi Lénk gëllen all déi aner Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, als méiglech Ziler vum charismateschen Zentrums-Politiker mam groussen Ego.

Fir d'Pirate wier de Verloscht vun hirem Aushängeschëld wuel net ze kompenséieren. Datt ee mam Marc Goergen als eenzegem Deputéierten 2028 nach eng Kéier ee Sëtz ergattere wäert, duerf op mannst bezweifelt ginn. A sou dreet de Piraten, datt si, 10 Joer nodeems se fir d'éischt an d'Chamber komm sinn, zu Lëtzebuerg genee sou an der Bedeitungslosegkeet verschwanne wéi zum Beispill an Däitschland. Ee wierkleche Verloscht wier dat wuel net. Wann d'Fuerderung no méi Transparenz an Déiereschutz déi eenzeg zwee Inhalter sinn, déi een no 15 Joer mat enger Partei verbënnt, ass dat awer bëssi dënn. Virun allem wann een d'Transparenz zwar gepriedegt, awer selwer net wierklech gelieft huet.

Vum aktuelle Rousekrich mol ofgesinn.