Again! Déi eng feieren, déi aner schloen d'Hänn iwwer dem Kapp zesummen. Trotz all deem wat war, heescht den neie Locataire am Wäissen Haus wuel tatsächlech nach eng Kéier Donald Trump. Wat dat bedeit, ass net ofzegesinn. Wéi konnt et sou wäit kommen? Mam Fanger op Populisten, wéi den Trump a seng Ekipp, ze weisen, geet net duer. D‘Demokrate musse sech och bei der eegener Nues huelen.

An der Perceptioun vu villen Amerikaner hate si bei dëse Walen de Choix tëscht zwee schlechte Kandidaten.

Zum Personnage Donald Trump ass alles gesot. Datt e Mann mat deem CV eigentlech aus dem Oval Office misst ewech bleiwen, schéngt evident, mä d‘Wieler ticken haut anescht, informéiere sech anescht a loosse sech mat Versprieche lackelen, déi net ze realiséiere sinn.

Commentaire vum Pit Everling

Aner westlech Länner sëtzen elo do mam Fanger am Mond an et bleift hinnen näischt anescht iwwereg, wéi de Retour vum Mann mat der rouder Kap ze acceptéieren an ofzewaarden, wéi hie säin Amerika schonn nees wëll grouss maachen a wat hie politesch gesinn da soss nach sou wäert vu sech ginn, déi nächst 4 Joer. Déi éischt Ried huet schonn en Avant-goût ginn.

D‘Demokrate mussen elo d‘Schierbele beienee kieren. Si musse sech d‘Fro stellen, a wéi wäit si déi Zopp hei mat versalzt hunn, a firwat hire proposéierte Menü deels wäit ewech ass vum Goût vu villen US-Bierger. D‘Demokraten hunn och net erkannt, datt et bei dëser Wal manner ëm si selwer goung, mä virun allem drëm, en zweet Mandat vum Donald Trump mat alle Mëttelen ze verhënneren.

Dofir hätt ee sech komplett nei missten opstellen, wat verpasst gouf.

Den Joe Biden geet als schwaache President an d‘Geschicht an. Seng Administratioun war onpopulär, gëtt responsabel gemaach fir d‘Explosioun vun der Inflatioun a fir eng héich illegal Immigratioun, derbäi koumen onsécher Optrëtter am Kader vun internationale Konflikter avisibel gesondheetlech Problemer.

DDemokraten, a virun allem hie selwer, hätte scho viru méi wéi engem Joer missten erkennen, datt esou kee Blummestack méi ze wannen ass. De Wiessel koum éischtens ze spéit a gouf zweetens mat der Kamala Harris suboptimal besat. Si war als Vize-Presidentin Deel vun der onbeléifter Regierung Biden, gëtt vu ville Leit och als schwaach empfonnt, hir Positioune ginn als vag interpretéiert.

Wirtschaft, Migratioun, Sécherheet: D‘Kamala Harris huet sech bei de Sujeten, déi dëse Walkampf dominéiert hunn, schwéier gedoen.

D‘Zäite sinn onsécher a jidderee kuckt fir d‘éischt emol no sech. Wat d‘Amerikaner bei sech maachen, ass gréisstendeels hire Béier. Wat awer interesséiert, dat sinn déi global Auswierkunge vu weidere véier Joer Donald Trump.

D‘Lëscht mat Froen ass laang. Wat ass mat der Weltwirtschaft? Kënnt en Handelskrich? Stäipt Washington der Ukrain weider de Réck? Wéi evoluéiert d‘Situatioun am Noen Osten? Wou steiert d‘Militärallianz NATO hin, a wat ass den Impakt vun den US-Walen op d‘Relatioune mat der EU?

Fir d‘Europäer ass de Wieler-Verdikt an de States op alle Fall e Signal, datt et net ass fir ze schlofen, an datt déi traditionelle Partnerschaft mat den USA déi nächst véier Joer op wackelege Féiss kéint stoen.