D'Neijoerschwënsch, déi um Dënschdeg am Staatsministère tëscht dem Premier an de Syndikaliste Back an Dury ausgetosch goufen, ware sécher pragmatesch a betount kill, well all Säit weess, datt dëst neit Joer determinant gëtt. Determinant, wéi d'sozial Ambiance am Land wäert ausgesinn - de Roy Grotz kommentéiert.

Commentaire vum Roy Grotz

Jo, déi léif Ambiance - et ass d'Fro, ob et rubbelt bannent der Gesellschaft an et zu soziale Konflikter wéinst der Prerogativ fir d'Aushandele vu Kollektivverträg, erweiderten Ouvertureszäiten a Sonnestonnen an dem Hantéieren um Pensiounssystem kënnt - oder ob am Dialog mateneen no Léisunge gesicht gëtt.
 
Um kale ronne Marber-Dësch souze sech d'Vertrieder vun de gewerkschaftlech organiséierte Salariéen an den Ex-President vun der Chambre de Commerce géintiwwer an et war eriwwer mat der Häerzlechkeet.

Séier gouf kloer, wat d'Regierung ënner Sozialdialog versteet: no ze lauschteren - jo - schéin a gutt - mee dann awer eegemächteg Decisiounen ze huelen.

Passé sinn d'Zäiten, wou sech d'Ressortministeren am Virfeld vu Reunioune mat Gewerkschaften a Patronat beienee gesat hunn, fir dunn an der Diskussioun e Konsens ze fannen - hei ass d'Aféiere vun der politique vum "Fait accompli", mol net duerch d'Hannerdier, mee en public affichéiert.

D'Gewerkschaftler riskéieren zu Statisten ze verkommen op engem Sozialdëschelchen, eng Form Mini-Tripartite fir Net-Krisen-Zäiten, wou bei Kaffi a Kuch geselleg ausgetosch gëtt an dann d'Politik d'Decisiounen hëlt - jo, duerfir si se gewielt, mee genee sou - Nee, dat entsprécht net dem Lëtzebuerger Geescht vu Konsens a Mateneeschwätzen, deen déi lescht 5 Joerzéngte soignéiert an applizéiert gouf.
 
D'CGFP, déi - oh Wonner - net beim Premier um Rendez-vous war, weist u sech wéi een et mécht: Si handelt aktuell mam Minister Wilmes de Gehälteraccord aus, deen dann am Fréijoer als faarwegt, gutt gefëllt Ouschteree wäert am Nascht vun de Staatsbeamte leien - sou geet Verhandelen - sou mécht een dat richteg.

OGBL an LCGB setzen dann awer léiwer op de Pouvoir, dee si duerch hir Memberen hunn a fuerderen - zu Recht - datt mat (!) hinne geschwat gëtt an zesummen aarbechtsrechtlech Léisunge fonnt ginn - an net géint si.
 
Sief dat an den ernimmten Dossieren, wou Kaméidi am Stot ass oder och bei der ugestriefter Pensiounsreform, wou nom "Schwätz mat" elo d'Stonn vun den Experten a Politiker schléit. An och hei: Amplaz Angscht bei de Leit wëllen ze provozéieren a mam Fanger op Frankräich an Däitschland ze weisen, géif ee gutt drun doen, sech beieneen ze sëtzen, fir d'Recetten an d'Pensiounskeese spruddelen ze doen an d'Systemer vu Privé a Staat beieneen ze féieren - well wann d'Leit eppes net kënnen ausstoen, sinn et Ongerechtegkeeten a genee déi ginn et an deene Systemer. Et gëllt also ewechzekomme vun de Polit-Egoen a mateneen an éierlech Debatten ze trieden, éier de Bam sou richteg brennt a nëmmen nach Pompjeeën a Mediateure gesicht ginn.