D'USA ënnert dem Trump kéieren der Ukrain an der EU de Réck a stelle sech hannert Russland. Déi nei US-Regierung hëlleft dann och nach dem Kreml an der ideologescher Offensiv, fir eise Kontinent weider ze deelen. An da bedreift de Businessman am Wäissen Haus nach gär Handelskrich mat senge Partner. De Fränz Aulner fënnt, datt d'Situatioun an de leschte Joerzéngten nach ni esou eescht war ewéi elo. An hie fäert a sengem Commentaire, datt et fir d'Ukrain an d'EU bal "Game over" ass.

Commentaire vum François Aulner

Déi allermeescht vun eis si fir de Fridden a géint Scholde fir Krich ze finanzéieren. Mee jidderee misst scho laang erkannt hunn, datt Russland mam Putin e Feind vun Europa ass, an datt de Feind elo vun den USA mam Trump ënnerstëtzt gëtt. Deenen hir Virstellung vu Fridden um europäesche Kontinent geséich esou aus: d’Ukrain wier kaum nach en onofhängege Staat, Moskau a Washington deele sech wäertvoll ukrainesch Ressourcen op an d’EU bleift e brave "Mippchen". D’USA kéinte sech op hire Rival China aschéissen a Russland sech en neit Affer an Europa aussichen. Jamais deux sans trois.

Quasi ganz am Abseits huet de franséische President awer mol EU- an Nato-Staats-a Regierungscheffen zesummegetrommelt. "Hei schléit d’Stonn vun Europa", esou de Premier Luc Frieden, deen iergendwéi nach op d’USA zielt, mee dach méi Efforte fir eng eegestänneg europäesch Defense virausseet. Entgéint deem wat den Trump seet, gëtt d’EU der Ukrain zesumme méi Hëllef ewéi d'USA. D’Militärausgabe vun der EU sinn och zanter 2022 schonn drastesch geklommen a leien iwwer 2% vum PIB.

Mee effektiv, et feelt iergendeppes, fir datt een a Rou kéint schlofen: Sue sinn eng Saach, eng reell defensiv Ofschreckung eng aner. D’europäesch Arméie sinn nach ëmmer Arméien. Am Pluriel. Alles klengt nach no Annoncen. D’Politik iwwerzeegt net.

"Divide et impera"

De grousse Problem ass och: D’EU ass gedeelt, ënnert de Memberstaaten, genee ewéi EU-Länner am eegene Land. D’US-Regierung schëtt nach weider Ueleg an d’Feier andeems se sech amëscht: D’EU hätt e Problem mat Migratioun an d’Meenungsfräiheet géing zeréckgoen. Trump, Vance, Musk a Co stelle sech ëffentlech hanner d’riets-extrem Parteien, déi de Putin scho laang ënnerstëtzt. Parteien, déi an de meeschten EU-Länner doduercher ëmmer méi Zoustëmmung kréien, mee net um Rudder sinn. Nach net.

Jo, Europa muss d’Meenungsfräiheet fleegen an e kontroversen Debat zu alle Sujeten erlaben. Mee vu Russland, wou politesch Géigner agespaart oder ermort ginn oder China, wou et keen TikTok gëtt mä iwwerwaachte Messagerien, brauche mer keng Lektiounen. An Europa kann de Musk d'AfD ënnerstëtzen. Lektioune brauche mer och keng vun den USA, wou de President Journaliste vernennt, Géigner diffaméiert, eege Verbriechen dementéiert a wann et hien arrangéiert fir seng Vue z’imposéieren, einfach litt.
 
Et ass naiv ze mengen, datt Moskau oder Washington eppes un der Meenungsfräiheet läit. Béide geet et drëms, mat hirer Ideologie - manner Rechter fir Fraen, LGBTQ, Migranten, manner Klimaschutz etc. – d'EU ze deelen, wat hinne scho vill gelongen ass. An et geet hinne virun allem drëms, eegen national Interessien an nach méi hire perséinleche Pouvoir ze festegen.

Déi Fro, déi jiddereen an Europa sech muss stellen ass: wëlle mir dat och hei ? A wëlle mir nokucken, ewéi déi aner Muechten d'Kaart an d'Ressourcen ënnert sech opdeelen? Wann net a wa mir wëlle fräi bleiwen, onofhängeg ginn a ganz éierlech e Stéck vum Kuch hunn, da muss d’EU zesummenhalen. A fir kënnen zesummenhalen, muss d’EU op gemeinsam Nenner zeréckfannen. Eis Wäerter definéieren.

A fir dozou ze kommen, wier et och gutt, wann net just d’Mëtt, mee och d’Extremer riets a lénks hir eege Positiounen hannerfroen.