D'Strategie vun der Regierung, fir eng breet Consultatioun z’organiséieren, ier se eege Propose fir eng Pensiounsreform op den Dësch leet, geet no hannen lass. D’Regierung huet sech an eng Sakgaass manövréiert, fënnt d’Michèle Sinner a sengem Tëscheruff.

Well d’Sozialversécherungsministesch Martine Deprez sech mat fréien Iddie séier verdächteg gemaach hat, si géif Rentenofbau plangen, huet si versprach, eng "ergebnisoffen" Consultatioun ze féieren. Déi war e Mëttwoch an der Chamber ukomm, wat d’Majoritéitsparteie ferm an d’Laberente bruecht huet. Si hu misse stonnelaang Rieden halen, ouni eppes vir ewech ze huelen, wat d’Regierung herno wëll maachen oder op kee Fall wëll maachen.

Tëscheruff vum Michèle Sinner

Datt d’Regierung duerchaus eng Virstellung huet, wou et soll higoen, weist d’Beispill vum CSV-Fraktiounschef Marc Spautz, dee sech op dëser Antenn fir eng massiv Erhéijung vun der Mindestrent ausgeschwat hat, mee offensichtlech zréckgepaff gouf. D’Altersaarmut wëllen CSV an DP nämlech lo iwwer Sozialtransferte vum Familljeministère reegelen.

Ma net just fir si war den Excercice penibel. D’LSAP wëll sech lo géint Rentenofbau staark maachen, wärend d’Reform vun 2012, duerch déi d'Renten aktuell scho gekierzt ginn, op de Compte vun hirem fréiere Minister Mars Di Bartolomeo geet. Dee verdeedegt déi Reform bis zum kompletten Dignitéitsverloscht amplaz am Hannergrond ze bleiwen.

D’Erhéijung vun de Pensiounen am Privatsecteur ass déi gréisst politesch Victoire vun der als Rentepartei gegrënnter ADR. Ma hiert neit politesch Personal schwätzt net gär franséisch, an dofir fuerdere si op där enger Säit den Ausstig aus der Wuesstumsfal, ouni op där anerer Säit chiffréiert Proposen zu hunn, wéi d’Pensiounen ouni Frontalieren a Zouwanderer solle bezuelt sinn.

Där konkreter, duerchduecht a chiffréiert Proposen hat e Mëttwoch just déi Lénk ze bidden, fir d’Recetten drastesch unzehiewen.

Um Enn hunn dunn och d’Majoritéitsparteie versprach, kengem aktuellen oder zukünftege Pensionär eppes ewech ze huelen – also näischt ze maachen  - an dat wäerten déi sech verhalen.

Ma fir näischt ze änneren, brauch ee keng Reform. An dofir huet der Martine Deprez hiert absurd Schlusswuert alles a säi Géigendeel gesot: nämlech datt näischt maachen, keng Optioun wier, mee net sécher wier, datt Gesetz kënnt, mat deem een eppes mécht.