Dee mat senger Meenung an d'Press geet, muss riskéieren, eng kleng Lëftchen oder awer e Stuerm vu Reaktiounen ze provozéieren. Sou ass dat - sou war et nach ëmmer an et ass och net anescht, wann een "en public", vu Chambertribünen erof, um Comptoir, bis hin op Theaterbüne seng Meenung haart an däitlech deklaméiert. Schwiereg gëtt et, wann de Kapp an de Sand gestach gëtt a sech Protagoniste vun Neiegkeete verstoppen - de Roy Grotz weess, vu wat hie schwätzt...

Commentaire vum Roy Grotz

... well et eeben eisen Optrag ass, all Dag d'verschidde Meenungen zu Sujeten ze sammelen an ze uerdnen, ze stéckelen an Iech esou vill wéi méiglech Meenungen op enger vun eisen RTL-Plattformen ze deklinéieren.

Datt mer dobäi vun alle Säiten all Dag mol méi fein, mol ënnert dem Rimm, kritiséiert a vernannt ginn, liicht an a gehéiert eeben zum Beruff dozou - grad wéi och dës Zeilen ze schreiwen, en Exercice, deen an der Pandemie reegelméisseg zu virulente Reaktiounen an esouguer Menacë gefouert huet.

Mee Corona läit hannert eis an aktuell schwätze mer driwwer, wéi Affäre wéi Caritas a Mudam opgeschafft ginn, wéi e Pensiounssystem mer wëllen a wéi mer eis sollen opstellen, fir militäresch net wéi d'Maus virum Léiw ze sëtzen, wann den "ennemi" nach méi geopoliteschen Honger géif verspieren.

Sujeten, déi déif Debatte verlaangen - Interviewen, Face-à-Facen, Diskussiounsronnen, wou Pro a Contra intelligent a mat Beispiller ënnermauert kënnen echangéiert ginn - mee dat wëll wéi et schéngt kee méi sou richteg. Absënns gewielt a sproochlech verséiert Politiker weisen eis ëmmer méi dacks d'rout Kaart bei Ufroen a loosse sech entschëllegen...Beispiller? Ma gär...
 
Sief et de Kulturminister Thill, dee sech moies net wëll op eiser Antenn der Mudam-Affär, mat allen Accusatiounen,déi am Raum stinn, stellen, sief et d'Direktesch Steinbrügge selwer, déi am Zentrum vun de Kriticke steet, mee näischt dozou ze soen huet. Sief et den CSV-Minister Wilmes, dee keng Loscht huet, sech mam Blanche Weber auserneenzesetzen oder awer mam Patrick Dury iwwert d'Bedeitung vum Terme vun der "sozialer Apartheid" an den Ënnerscheeder tëscht dem Privatsecteur an dem Staat ze schwätzen, sief et d'Patronat, dat kee Bock drop huet, sech an eisem Studio mat de Gewerkschaften auszetauschen oder sief et den Aarbechtsminister Mischo, deem no et aktuell net un der Zäit ass, fir sech "on air" de Froe vun Aarbechtsrecht a Reformen un dësen Texter ze stellen.

Dat beweist an alle Fäll net nëmmen eng komplett Mëssinterpretatioun vun Debattekultur, mee schaaft eng Atmosphär, wou Populisten an deenen, déi hire Megaphon am häertsten opdréinen, d'fräi Tribün gelooss gëtt. Och datt zum Beispill d'Police d'Informatiounen zu Virfäll nëmmen "au compte gouttes" a reng distilléiert zäitversat der Press kommunizéiert, ass quasi e Witz aus dem leschte Joerhonnert, dee leider reell ass. Muer stelle sech par contre de Police-Minister Gloden an den ADR-Deputéierte Keup genee dëser Sécherheetsdiskussioun - bravo!
 
Soss gëtt nämlech deenen d'mediaalt Feld iwwerlooss, déi sech nach trauen, eppes ze soen, mee leider dann ouni eng aner Klack ze héieren. Dat schued net nëmmen der Debatt, der Diskussioun, mee der Demokratie, déi op Echange, alt Sträit an Ausernanersetzung, mee dann op Kompromëss baséiert. Duerfir sollte mer eise Jonken, amplaz vun Ecran-Zäit ze schwätzen, se léieren, Erliefnes- an Debatten-Zäit unzewinnen - soss ginn et genee sou meenungslos Marionetten, wéi der leider vill ze vill doruechter lafen, well se net wëllen unecken an einfach hir Rou hunn.
 
Kommunikéiert een nach just a Raim, wou et bal kee Widdersproch, kaum Géigenargumenter gëtt, op Pressekonferenzen, per Communiquéen oder via Mail - jo da gëtt leider duerch dës feig Vogel-Strauss-Politik nëmmen den Narrativ vun de Populiste bedéngt. Déi, déi d'Press der Ligen a Korruptioun accuséieren - mee natierlech gi mer net no, soss misste mer muer enzwousch anescht schaffe goen - dat si mer Iech, all eisen Auditeuren, Lieser a Nokuckerten ouni Konzessioune schëlleg.

Dofir, léif Politiker a Politikerinnen: Mir musse schwätzen!