Pensiounsreform: A wou bleift de Kompromëss?
Zanter en Dënschdeg weess d'Land da lo endlech a graffen Zich, wou et bei der Pensiounsreform soll higoen. Um Ofschloss vum laangen Consultatiounsprozess, dee Schwaarz-Blo déi lescht Méint zelebréiert huet, läit d'Verantwortung da lo virun allem bei de jonke Generatiounen, fir de System an der Riicht ze halen. D'Claude Zeimetz sicht zanter där Annonce nach ëmmer de Kompromëss, dee jo u sech sollt bei deem ganze Geschwätz erauskommen.
Ech, an ech net eleng, hu mech jo souwisou vun Ufank u gefrot, wéi dann iwwerhaapt e Kompromëss bei der Ofsécherung vum Pensiounssystem sollt méiglech sinn. Wou jo schonn de Wirtschafts- a Sozialrot zwee separat Avise geschriwwen hat, well Patronat a Gewerkschaften net op ee gemeinsamen Nenner ze brénge waren.
Mä de Premier Luc Frieden an och d'CSV-Sozialministesch Martine Deprez hunn ëmmer rëm groussspuereg erkläert, si wéilten am Kader vun de Consultatiounsronne mat de sëllegen Acteuren eng gemeinsam Linn sichen, ee konsensfäege Pak, dee vu jidderengem gedroe géif ginn. Dat war och ëmmer d'Äntwert, wa mir Journaliste wësse wollten, a wéi eng Richtung et da geet a wéini da lo endlech d'Fakten op den Dësch kommen. Et wollt een déi ganz Zivilgesellschaft mat an d'Boot huelen a si vun der Noutwendegkeet iwwerzeegen, datt de Pensiounssystem reforméiert misst ginn, fir sech nëmmen net ze vill onbeléift ze maachen. Mat Erklärvideoen, engem Internetsite, Entrevuen an Experteronnen an dem sougenannte "Schwätz mat"-Prozess, via deen d'Bierger hir Virschléi am Twitterstil konnten eraginn. De rise Succès war et, wéi z'erwaarden, net. Just fir déi Boîte, déi dat ganzt entworf huet. Eleng d'"Schwätz mat"-Plattform hätt d'Regierung sech, wéi Reporter gemellt hat, ronn 140.000 Euro kaschte gelooss. Alles an der Hoffnung sech beim politesch brisanten Thema Pensiounen nëmmen net d'Fanger ze vill mussen ze verbrennen. A mat engem Resultat?
Spéitstens elo, wou mer wëssen, datt mer wuel vun 2030 un alleguerte méi laang wäerte cotiséiere mussen, muss ee sech ganz seriö d'Fro stellen, firwat dee ganzen Opwand do eigentlech bedriwwe gouf... De Reproche vun enger Schäindebatt ass net méi vun der Hand ze weisen. Vum Konsens, deen ee siche wollt, keng Spuer. Héchstens e Konsens an der Oppositioun. D'Gewerkschafte fille sech natierlech elo fir hir Maniff am Juni confirméiert an d'Patronat weist sech wéineg begeeschtert.
A virun allem Generatiounsgerechtegkeet gesäit definitiv anescht aus. An déi Kritik geet iwwert d'Parteipolitik eraus. D'Erklärunge vum Premier, déi wuel och net sou am Detail mam Koalitiounspartner vun der DP ofgeschwat waren, hunn nämlech souguer d'Jugendparteie vun der Majoritéit op de Plang geruff. Dobäi waren déi Jonk vun de Jugendparteien iwwert d'Acel an de Jugendrot an de ganzen Diskussiounen extrem konstruktiv, verstänneg an der Saach a sech de Problemer bewosst. An elo ass d'Enttäuschung, datt de Ball quasi integral bei hinne läit, fir d'Kar aus dem Dreck ze zéien natierlech ëm sou méi grouss.
Dem Premier seng CSJ schreift an engem Communiqué, dee wuel ganz manéierlech gehalen ass, mä duerfir kloer an der Saach, datt all Gesellschaftsgruppen hire Bäitrag zu der Reform leeschte sollten. An deem Sënn géif een och bei der Regierung weiderhin intervenéieren. Déi Jonk sinn dann dogéint, datt ee gezwonge sollt ginn, fir méi laang schaffen ze mussen. Besonnesch net déi Leit, déi kierperlech schwéier schaffe mussen. Vill méi sollt een déi belounen, déi méi spéit an d'Pensioun ginn, si haten da wuel och dem Luc Frieden an der Chamber net gutt nolauschtert, wéi e gemengt hat, et wier dach alles guer net sou schlëmm, méi laang schaffen ze mussen, well mer jo all méi laang liewe géifen. Et misst een an där ganzer Diskussioun jo awer mol dedramatiséieren, datt Schaffen eppes Schlëmmes wier.
D'Jongsozialiste gesinn an der Propos souguer "Dynamit fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft". Zousätzlech Sprengkraaft gëtt et effektiv och nach, jee nodeem wéi wäit d'Regierung den Assurancen a Banken hir privat Zousazpensiounegeschäft mat neie Steiersuen ënnerstëtzt. Amplaz Suen an de Grapp ze huelen, fir eppes aktiv géint d'Altersaarmut ze maachen. Well do ass bis elo strictement näischt bekannt. A bei de Jonke léisst sech de Cappuccino och net och net domadder verséissen, andeems Schwaarz-Blo sech weider zu der Unerkennung vun de Studiejore bekennt.