Schaffen, fir ze liewen, ass Out!

Am Walkampf war d’Thema Pensioune quasi inexistent. 18 Méint, nodeems den neie Luc sech op de Stull vum Premier gesat huet, ass kloer: Mir gi méi laang schaffen, ob mer wëllen oder net. "Hätt een dat nëmmen éischter gewosst", kommentéiert d’Dany Rasqué mat emol méi, emol manner Ironie.
Hätt een dat éischter gewosst, hätt een d'CSV méiglecherweis iwwerhaapt net gewielt. Datt ee mam Slogan "Méi laang liewen, méi laang schaffen" d'Walen net géif gewannen, war deene Chrëschtlech Sozialen an hirem Spëtzekandidat kloer. Dofir goufen d'Leit gelackelt mat "Méi Zäit, méi Liewen" oder "Méi Zäit fir Famill a Kanner". Moie Misch!
Den neie Luc wosst vun Ufank un, a wéi eng Richtung et géif goen an datt dat Gejäiz géif ginn. Also huet ee consultéiert, debattéiert a wat net nach alles. Et huet een d'Foussvollek an all méiglech Partner schwätze gelooss, fir datt si duerno d'Gefill kéinten hunn, datt dat hir Iddi ass, déi zesummen ëmgesat gëtt.
Nom Motto: Schwätz elo an hal dono de Bak. No méintelaangen Diskussioune gëtt opgedëscht. E Menü, dee kee bestallt hat, mä wann e Stéck fir Stéck zerwéiert gëtt, da packt een dat schonn oder et léisst een et ebe stoen.
D'Gewerkschafte kache vu Roserei, mä dat war agerechent a wéinst wat se den 28. Juni op d'Strooss ginn, ass am Endeffekt egal. Deen Dag geet och nach ëm.
Iergendwann gëtt een dann definitiv gewuer, wéi vill 40 plus X-mol 3 ass, da gëtt nach eng Kéier geknoutert, mä um Enn hëlt d'Majoritéit d'Ännerunge jo souwisou un a bis déi nächst Walen huet de Lëtzebuerger sech berouegt an déi Aner kënne jo souwisou net wielen.
Verschidden Oppositiounsparteien hate proposéiert, d'Cotisatiounen eropzesetzen a froe sech, firwat dat net als Iddi zeréckbehale gouf.
Mä Gedold, vläicht kënnt dat nach, net bei de Pensiounen, mä eventuell bei de Cotisatioune fir d'CNS? Mir wëllen dach all méi al ginn, fir méi laang ze schaffen, also muss een och bereet sinn, bësse méi déif an d'Täsch ze gräifen, wann et ëm d'Gesondheet geet.
D'CNS ass scho méi laang defizitär, d'Sozialministesch sot zwar no der Quadripartite, et géif een "nach" net vu Cotisatiounshausse schwätzen, mä et géif eng kloer Urgence an där ee misst handelen.
Dat kléngt dach änlech wéi "Näischt maachen, ass keng Optioun" oder "Et wier net gerecht, d'Aen zouzemaachen". Sätz, déi jo bei de Pensioune wéi an engem Rousekranz erofgebiet ginn.
A fir op d'Pensioun zeréckzekommen: Et ass Out, fir just nach ze schaffen, fir ze liewen. Vun elo u schafft jiddereen, fir sech ze verwierklechen an et wäert ee gesinn, dat kritt een och a Secteure fäerdeg, wou ee just de Mindestloun verdéngt. Verwierklechung ass keng Fro vu Pai oder Prestige.
Et brauch just Motivatioun an déi huet de Chef-CEO souguer fonnt, wéi d'Chamber de Culot hat, fir hien déi lescht Woch ganzer 9 Stonne mat den Debatten iwwert seng Ried ze ploen an am Plaz, datt d'Deputéiert vu Freed an d'Hänn klappen, wann de Regierungschef hinne réit, iwwert hir Riednerzäiten nozedenken, fënnt d'Oppositioun dat "incroyabel".
Ondankbaart Vollek.