Wéi seet een eigentlech "Selbstgol" op Russesch, Här Kartheiser?

Ufank vun der leschter Woch war de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fir e puer Deeg op politescher Visitt zu Moskau. Den ADR-Politiker hat eng Invitatioun vum russesche Parlament ugeholl a sech nieft Deputéierten och mat engem vun de Vize-Ausseministere getraff. D'Opmierksamkeet war him domadder gewëss, awer och d'Kritik. Déi koum net just vum politesche Géigner, mee och aus den eegene Reien. D'EKR-Fraktioun, an där hien am EU-Parlament Member ass, wëllt hien ausschléissen. E Mëttwoch wäert doriwwer ofgestëmmt ginn. Ma elo schonn huet de Fernand Kartheiser mat der Rees an déi russesch Haaptstad net nëmme sech selwer, mee och senger Partei ee Selbstgol geschoss, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
D'Gespréicher wieren an enger gudder Ambiance ofgelaf, dat ënnersträicht de Fernand Kartheiser gären, wann e vu sengen Entrevuë mat russesche Politiker zu Moskau erzielt. Ganz héiflech wiere se dohannen. Do hu mer de Beweis, wien héiflech optrëtt, ka kee schlechte Mënsch sinn. Genee sou wéi een, deen u Friddensgespréicher deelhëlt, kee Krich wëlle kann.
De Fernand Kartheiser gouf op Moskau invitéiert, also net finanziell, seng Rees huet en eegenen Aussoen no selwer bezuelt, mee e gouf an déi russesch Haaptstad geruff. Dat géing och dorunner leien, datt hien Diplomat ass, behaapt de Lëtzebuerger EU-Deputéierten. Naja, ech mengen d'Leit ronderëm de Wladimir Putin intresséiert net wierklech, ob ee Politiker vu Beruff Diplomat, Diplomingenieur oder Daachdecker ass. Duebelagent kéint par Konter een Argument sinn.
Mee Geck an den Eck, vill méi wichteg dierft sinn, wéi ee Politiker sech an der Vergaangenheet iwwert dee russeschen Iwwerfall op d'Ukrain geäussert huet. An do huet de Fernand Kartheiser eng, soe mer emol, differenzéiert Positioun ageholl an ëmmer nees dorobber verwisen, datt den Ëmgank vum Weste mat Russland an de Jore virum Krich net optimal gewiescht wier. Do ginn ech him och Recht, mee andeems een dat iwwerbetount, liwwert een dem Aggresseur, an dësem Fall Russland, ee Fräifaartsschäi fir säi Krich.
Den ADR-Politiker seet, et kéint ee kee Fridden erreechen, ouni mat allen Acteuren ze schwätzen. Och do ginn ech him Recht, well Russland militäresch einfach ze staark ass, fir datt d'Ukrain déi géigneresch Truppen zeréckschloe kéint. Mee et hänkt awer dovunner of, wat een an deene Gespréicher seet. Et hätt dem Fernand Kartheiser gutt ze Gesiicht gestanen, wann en een direkte generelle Waffestëllstand gefuerdert hätt, och wa kloer ass, datt Russland dat dann net direkt mécht. An et wier awer mol interessant ze wësse gewiescht, wéi et senger Meenung no mat de vu Russland annektéierte Regioune weidergoe soll.
Elo soll, et kann ee wuel scho soen, wäert, de Fernand Kartheiser aus der EKR-Fraktioun erausgeworf ginn. Et ass een Ausschloss mat Uso, e kënnt also net iwwerraschend. Dowéinst kann et een duerchaus iwwerraschen, datt d'ADR sech esou schwéier deet, fir no baussen ze kommunizéieren. Dat, wat gesot gëtt, ass nämlech net iwwerzeegend, respektiv koherent. D'Parteipresidentin Alexandra Schoos wëll d'Moskau-Rees weder positiv, nach negativ bewäerten, si beschränkt sech drop ze soen, datt et dem Fernand Kartheiser säi gutt Recht war.
Ob si him och dozou geroden huet, do dierf een awer ee Fragezeechen hannendru maachen. Elo muss d'ADR hire Wieler nämlech erklären, firwat den éischten EU-Deputéierten an hirer Geschicht emol net ee Joer no den EU-Wale schonn aus senger Fraktioun geschmass gëtt. An déi eenzeg Fraktioun, déi de Fernand Kartheiser ophuele géing, schéngt d'ESN ze sinn, also déi, an där d'AfD Member ass. Do wonnert et net, datt de Lëtzebuerger sech ee Liewen als onofhängegen Deputéierte gutt virstelle kann. Komesch ass par Konter, datt ee bei der ADR net kloer seet, datt een als Partei aus der EKR austrëtt, wann de Fernand Kartheiser aus der Fraktioun ausgeschloss gëtt. Firwat wëll een Deel vun engem Veräi bleiwen, deen déi eege Memberen erausgeheit? Vläicht steet d'Parteispëtzt jo awer net esou ganz fest zum Fernand Kartheiser?
Ma déi direkt Konfrontatioun ze sichen, kann nawell ongemittlech ginn, dat hat virun e puer Joer jo schonn der Alexandra Schoos hire Papp Jean Schoos erlieft, wéi hien nach Parteipresident war. Dee sot deemools zum Enn vum Sträit, et hätt ee sech zesummegesat, wéi Erwuessener matenee geschwat a sech dono d'Hand ginn. Vläicht wier esou ee Gespréich ënnert véier Aen oder op d'mannst am klenge Krees, och elo eng Optioun? Besser wéi eng Partie russesch Roulette wier et allemol.