Israel och duerch seng eege Regierung menacéiert

Israel an den Iran schéisse mat Rakéiten openeen. A sengem Commentaire ass de Fränz Aulner der Meenung, datt Israel tatsächlech vill Feinden huet an existenziell menacéiert ass. Awer net just duerch de Regime vun Teheran an d'Hamas, mee och duerch seng eege riets-extrem Regierung.
De perpetuelle Konflikt am Noen Osten ass esou komplex an empfindlech, datt ee quasi all Saz muss mat engem "esouwuel, ewéi" strukturéieren. Onofhängeg vun all deem, wat virum 7. Oktober 2023 war, war eng Reaktioun vun Israel op terroristesch Attack vun der Hamas a Versich d’Geiselen ze befreien, z’erwaarden. Am selwechten Otemzuch muss een da soen, datt d’israeelesch Arméi d’Populatioun an der Gazasträif elo méi ewéi annerhalleft Joer laang aushéngere gelooss, verstümmelt an deplacéiert huet. Se ass ze wäit gaangen an et geet déck duer. Genee sou wéi d’illegal Koloniséierung vum Westjordanland, déi scho laang bedriwwe gëtt.
Elo huet den israeelesche Premier Netanyahu och decidéiert, den Iran präventiv unzegräifen. Do muss een nees vill an engem Otemzuch soen: datt den Iran Israel géintiwwer feindlech gesënnt ass an un enger Atomwaff schafft. Mee viru 15 Joer scho sot de Netanyahu, den Iran wier kuerz virdrun d’Bomm ze hunn. Ob Israel d’Bomm huet, wëll Israel net verroden. Woubäi dat jo awer och eng Roll spillt.
De Rietsruck am Noen Osten
Israel gouf tatsächlech no senger Schafung am Joer 1948 ëmmer nees vun Noperen attackéiert. D’Ouverturen, déi ënnert dem Premier Yitzhak Rabin vun den Travaillisten an den 90er gemaach goufen, goufe mat terroristeschen Attacke vu radikalen Islamiste bestrooft. Dat erkläert deelweis, firwat d’Israeelien d’Joren drop a bis haut ëmmer méi riets gewielt hunn. Et war awer iwweregens en ultranationalisteschen Israeeli, deen de Rabin ermort huet.
Antëscht héiert ee vun eenzele Membere vun der israeelescher Regierung an aneren Extremisten änlech Aussoen ewéi déi vun de Mäerder vun de Judden. Op den Online-Reseaue wonnere sech der ëmmer méi, datt Nofare vun den Affer vun der Schoah et den Nazie géingen nomaachen. Aus deem Grond protestéiere weltwäit an och am hellege Land selwer vill Judde géint déi Politik a fir en Zesummeliewe mat den Araber.
Datt d’israeelesch Regierung dem totalitäre Regimm vun Teheran, deen X Opstänn am eegene Land ënnerdréckt huet, en Enn wënscht, kann een novollzéien. Mee wann aner Länner bei engem Regimmwiessel d’Fangere mat am Spill hunn, riskéiert de géigesäitegen Haass just nach weider zouzehuelen. Ëmmer méi huet een allerdéngs den Androck, datt den Netanyahu dat och wëll. Esou verhënnert hie weider d’Zwou-Staate-Léisung a Palestina, hie gëtt rëmgewielt a muss net op säi Korruptiounsprozess.
Hypokrisie
D’USA bleiwen iwwerdeems ganz onofhängeg dovunner, wien zu Washington oder Jerusalem um Rudder ass, Alliéierte vun Israel. D’EU, déi hält sech wéinst dem Trauma vun der Schoah ganz bedeckt, stellt den Handelsaccord mat Israel net a Fro, erkennt Palestina net un a sanktionéiert zwar zurecht radikal Islamisten, dorënner den Iran, awer net d’Extremisten an der israeelescher Regierung, déi zur Vernichtung vun de Palestinenser opruffen.
China a Russland freeë sech, wa se op d’Doppelmoral vum Weste kënnen hiweisen. A wéi hypokritesch de Westen ass wann en d’russesch Invasioun vun der Ukrain verurteelt oder China kritiséiert, iert et Taiwan iwwerfall huet.