Michel Barnier ass de richtege Mann fir Verhandlunge mat GB

© RTL-Archiv
Mat deem wat d'Englänner opféieren, ass d'Astrid Lulling eegenen Aussoe geschwënn der Meenung, et wier besser mir wiere se lass.
Et misst een den Europaskeptiker kloer maachen, dass d'EU immens wichteg wär fir all eenzelt Memberland a seng Awunner. Dat seet de lëtzebuergesche Mouvement Européen a senger Stellungnam zum Wäissbuch vun der Europäescher Kommissioun. Et wär net alles perfekt, ma et géif de Leit besser goe mat méi Europa, ewéi mat manner Europa, esou de Message vun der Beweegung. De Pierre Jans huet sech mat der Presidentin vum Mouvement Européen, dem Astrid Lulling, getraff.
Gutt 34 Joer souz d'Astrid Lulling fir d'CSV am Europaparlament an huet sech do en Numm gemaach. Ni huet si e Blat virun de Mond gehalen. Europa war hir ëmmer wichteg an och haut verteidegt si d'europäesch Wäerter wou se nëmme kann. Zanter dem 1. Januar ass si Presidentin vun der Lëtzebuergescher Europa-Beweegung.
Astrid Lulling: Europa dat ass nach ëmmer déi éischt Puissance an der Welt, mat deenen ambitiéisten, wirtschaftlechen, sozialen an och wat d'Ëmwelt ugeet Normen a Standarden. An dat ass dach wonnerbar an esou enger Unioun ze liewen.
D'EU hätt mat 7 Prozent vun der Weltbevëlkerung zwar demografesch net méi vill Gewiicht, 25 Prozent vum Bruttosozialprodukt vun der Welt kéimen awer aus der Unioun. D'Awunner wäre sech dacks net bewosst, wéi grouss d'Plus-value vun der Unioun fir si wär, bedauert d'Astrid Lulling. Dobäi géif d'EU si bal näischt kaschten.
Astrid Lulling: De Budget vun der Europäescher Unioun, dee kascht eis 1 Taass Kaffi pro Dag. A wat mir dach profitéieren, dass et d'Europäesch Unioun gëtt. Also do muss ech soen, géing ech ganz gär 2 Tase Kaffi pro Dag bezuelen, oder mindestens annerhallef.
Mat e bësse méi Sue kéint ee scho vill méi effikass schaffen. Dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Ried zu der Lag vun der Unioun den 13. September lueft d'Astrid Lulling.
Astrid Lulling: A wann de Juncker seet "si mussen all an den Euro", dat heescht net "si musse muer an den Euro".
Et géif am Gesetzestext vun der EU stoen, dass all Land dat d'Konditiounen erfëllt, den Euro muss huelen, betount d'Presidentin. Si ass iwwregens och frou, dass de Michel Barnier d'Verhandlungen tëscht der EU a Groussbritannien leet. Dat wär e gudde Kolleg vu hir an dee géif den Englänner eng Korintepickerei mat Sécherheet net duerchgoe loossen.
Astrid Lulling: Et deet mer Leed, dass d'Englänner ginn, mä wat si opféieren, sinn ech geschwënn der Meenung, et ass besser mir si se lass.