Lëtzebuerg a siwe weider europäesch Länner hunn d'CNE MMA gegrënnt, déi eng besser europäesch Mobilitéitszon vu militäreschem Material etabléiere soll.

Zesumme mat Däitschland, Holland, Polen, Litauen, der Belsch, der Tschechescher Republik an der Slowakei sinn d'Piliere vun enger Kooperatioun gesat ginn, fir am Eeschtfall iwwer déi jeeweileg Grenzen eraus arméiert Forcë besser beweegen ze kënnen.

"CNE MMA" steet fir "Central Northern European Military Mobility Area". Domat sollen Truppen an Equipement méi séier verluecht kënne ginn, a bannent der EU an der NATO logistesch Barrièren ofgebaut ginn. Juristesch an administrativ Demarchë géingen och vereinfacht ginn. Resultéiere soll doraus eng méi staark Positioun vu militärescher Defense.

Déi nei CNE MMA baséiert um "Military Mobility Corridor", deen 2024 vun Däitschland, Holland a Polen initiéiert gi war.