De fréiere republikanesche Vizepresident an den aktuelle republikanesch President schéngen net gutt matenee kloer komm ze sinn.

Nach bei de leschte Walen huet den Dick Cheney, deen ënnert dem Georges W. Bush Vizepresident war, d'Wieler opgeruff, fir hir Stëmmen der Demokratin Kamala Harris ze ginn. Dem Cheney no war den Trump eng "Menace fir d'Republik". Den Trump hat den Cheney en "Kinnek vun sënnlose Kricher, déi keen Enn fannen" genannt. No den Attentater vum 11. September war den deemolege Vizepresident déi dreiwend Kraaft hannert dem "Krich géint den Terror" esou vun den Militärasätz am Afghanistan wéi och méi spéit am Irak. Seng Behaaptung awer, datt den Saddam Hussein Massevernichtungswaffe hätt, gëllt haut als widderluecht.

Ufank November ass de Republikaner am Alter vu 84 Joer gestuerwen. En Donneschdeg war dann d'Trauerfeier zu Washington viru iwwer dausend Gäscht. De fréiere President George W. Bush sot a senger Ried, datt den Cheney alles geleescht hätt, wat ee President sech vu sengem Stellvertrieder erwaart huet.

Weider sot den George Bush, datt den Cheney "esou fokusséiert a fäeg" gewiescht wier, datt hien d'Standarden vun de Leit ëm hien erëm gehuewen hätt.

Nieft der Famill an dem fréiere President Bush waren och vill aner Republikanesch Politiker op d'Mass an der Nationaler Kathedral zu Washington invitéiert. Den aktuelle President wéi och säi Vize awer stoungen net op der Lëscht. Dofir awer den Ex-President Joe Biden ewéi och verschidden aner héichrangeg Politiker aus de Reie vun den Demokraten. Ma och déi schonn erwäänte Kamala Harris an de Vizepresident ënnert der éischter Trump-Regierung Mike Pence ware bei der Trauerfeier mat dobäi, wéi och nach weider wichteg Perséinlechkeeten aus den USA.

D'Wäisst Haus hat matgedeelt, datt den Donald Trump net invitéiert gi wier. Anescht, wéi u sech och üblech, huet den aktuellen US-President der Famill och net säi Bäileed ausgeschwat.