Police informéiert iwwer illegal Sécherheetsfirmen op der Weltklimakonferenz
© PABLO PORCIUNCULA / AFP
Nom Feier op der COP30 zu Belém en Donneschdeg, huet déi brasilianesch Police e Freideg iwwer Onreegelméissegkeete bei de Sécherheetsmesuren informéiert.
Deemno wieren der federaler Police vu Brasilien am Kader vu Kontrollen d'lescht Woch illegal bedriwwe Sécherheetsfirmen opgefall, déi mat der Iwwerwaachung vun der Sécherheet op verschiddene Plazen um Site vun der Konferenz beoptraagt waren.
Wéi et vun der Police heescht, hätte verschidde Sécherheetsfirmen ouni déi néideg Autorisatiounen op der Konferenz geschafft a Metalldetekteren a Funk-Apparater benotzt. Ausserdeem wier Sécherheetspersonal um Terrain gewiescht, dat keng Autorisatioun hat. An der Suite vun dësen Decouvertë wieren zwou Firmen zougemaach ginn. A véier Fäll wier eng Plainte wéinst verschiddene Verstéiss deposéiert ginn.
En Donneschdeg war am Aganksberäich vum Site vun der Weltklimakonferenz zu Belém e Feier ausgebrach. Eng Rei Persoune koume mat enger Dampvergëftung an d'Spidol. Schwéier blesséiert gouf allerdéngs keen.