Proposen "inakzeptabel am Kärstéck", esou d'Lëtzebuerger Delegatioun
© AFP
Déi grouss Fro, déi sech stellt: Gëtt et nach en Duerchbroch a wat kéint an enger Ofschloss-Deklaratioun stoen? Op alle Fall ass d'Stëmmung ugespaant.
D’Proposen, déi op der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien um Dësch leien, sinn esou schwaach, datt d’EU riskéiert "Nee" ze soen. Ewéi et vun der Lëtzebuerger Delegatioun heescht, wier den aktuellen Text "inakzeptabel am Kärstéck firwat mir hei sinn: d’Erofsetze vun den Zäregasen." Fir kënnen zouzestëmmen, misst d’EU e "klore Prozess gesi fir d’Ambitioune bei der Mitigatioun eropzesetzen."
Medieberichter no wollten eng 80 Länner, dorënner Lëtzebuerg, kloer Richtlinne fir en Austrëtt aus der fossiller Energie, déi scho virun zwee Joer festgehale gi war. Aner Länner, dorënner Russland, Indien a Saudi-Arabien kruten dat awer aus de Konklusiounspropose gestrach. En anere Sträitpunkt wieren d’Mesure fir den Impakt vum Klimawandel ofzefiederen an d’Hëllef fir déi ekologesch Transitioun an Entwécklungslänner ze finanzéieren.
Op der COP30 sinn d’Negociatiounen um leschten Dag vun der Konferenz also ganz hëtzeg. De Brand en Donneschdeg op der Konferenz war séier ënner Kontroll. D’ Äerderwiermung, déi ass net esou einfach ze läschen. Ob d’COP verlängert gëtt, ass aktuell net gewosst.
D‘Negociatioune goufen en Donneschdeg duerch en onerwaart Evenement ënnerbrach. An engem Pavillon war e Feier ausgebrach. 13 Leit goufe medezinesch behandelt, ma et gouf kee gouf seriö blesséiert. De Brand war bannent Minutte geläscht. Allerdéngs goufe grouss Deeler vun der Konferenz evakuéiert. Dausende Leit hunn de Site vun der COP misste verloossen an d‘Negociatioune goufen an enger wichteger Phas ënnerbrach.
D’US-Regierung ass net op der Weltklimakonferenz present. Se huet par konter e Freideg Pläng matgedeelt, fir Millioune Quadratkilometer Küstegewässer fir Pëtrol- a Gas-Buerungen ze autoriséieren. Ganz nom Motto vum Donald Trump: "Drill baby, drill!"
Haaptsträitpunkt ass d‘Sortie aus de fossille Brennstoffer
E Freideg soll eng nei Propos op den Dësch geluecht gi sinn, déi keng konkret Feuille de route mentionéiert. Ronn 30 Länner hunn Drock op déi brasilianesch Presidence gemaach, dorënner eng Partie europäesch Staaten. Si verlaangen an engem Bréif konkret Mesurë fir eng Sortie. D‘Propose vum brasilianesche Staatschef Lula da Silva géingen net wäit genuch goen an dofir gëtt domat gedreet, en Accord ze blockéieren. Op der aner Säit sinn, wéi et heescht China, Indien, Saudi-Arabien, Nigeria a Russland retizent, fir op dësem Punkt méi wäit ze goen.
Den UNO-Generalsekretär Antònio Guterres huet op enger offizieller Pressekonferenz den Appell gemaach, fir e couragéierten an equilibréierten Accord. Et wier nach eppes ze maachen
"D‘Zil vun 2015, fir d‘Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, wier op alle Fall net verhandelbar", sou den Antonio Guterres.
Net just wéinst dem Feier stellt d‘Fro sech, ob d‘Verhandlunge wéi geplangt e Freideg den Owend kënnen ofgeschloss ginn. Zu Bélem gesäit et also éischter no enger Verlängerung vun der Weltklimakonferenz aus. Knapp 200 Länner sëtzen am brasilianesche Reebësch mat um Dësch, ma wéi gesot ouni d'USA.
Eng Reaktioun vum Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes héiert Dir e Freideg den Owend an eisen Noriichten.