Wat bedeit dës weider Hausse konkret fir d'Bankclienten? D'ABBL äntwert

© AFP
En Donneschdeg an der Mëttesstonn koum d'Confirmatioun vun der europäescher Zentralbank, datt een de Leetzëns vun 1,25 op 2 Prozent eropsetzt.
Déi Europäesch Zentralbank (EZB) huet en Donneschdeg nees en neie Leetzëns annoncéiert, fir der héijer Inflatioun entgéintzewierken.
Experten haten am Virfeld mat enger Hausse vun 0,5 bis 0,75 Prozentpunkte gerechent, deem d'EZB dann och nokomm ass. No der Hausse am Juli louch de Leetzëns bis ewell bei 1,25 Prozent an ass vun dësem Donneschdeg un op 2 Prozent eropgesat ginn.
Der EZB no wier d'Präisdeierecht virop wéinst der Hausse bei den Energie- a Liewensmëttelpräisser ze héich. Dowéinst geet een zu Frankfurt och dovun aus, dass de Leetzëns nach weider wäert an d'Luucht goen. Méi héich Zënse gëllen als Mëttel géint d'Inflatioun. Allerdéngs bremse si och de Wirtschaftswuesstem.
Am Juli hat d'EZB eng éischte Kéier zanter 11 Joer d'Zënsen an der Eurozon eropgesat.
Wat bedeit dës weider Hausse konkret fir d'Bankclienten?
Op 2 % war de Leetzëns fir d’lescht am Januar 2009, also no der Finanzkris.
Eng Decisioun, déi och fir de Privatclienten en Impakt huet. Fir Leit, déi en Immobiliëprêt mat variabelem Taux hunn, wäert d’Mensualitéit nach emol klammen. De Client muss ee Mount virun der Ännerung vun de Konditiounen informéiert ginn.Bezilt een aktuell zum Beispill e Prêt vu 700.000 € op 20 Joer zeréck, da sinn dat ongeféier 3.620 € de Mount. Mam neien variabelen Taux géing een all Mount 260 € méi bezuelen
Dem Jerry Grbic vun der Bankenassociatioun no géingen d’Immobiliëkreditter aktuell an der Moyenne bis ëm 23 Joer ofgeschloss ginn. Wie par conter elo eraklamme wëll, kéint et mat méi strikte Konditiounen ze di kréien.
Ma net just bei de Kreditter änneren d’Konditiounen, mee och fir d’Spuerkonten. Et wier de Banken fräigestallt, wéini si d’Zënshausse op de Konten un de Client weiderginn, ma dat misst awer geschéien.
Am Dezember kënnt déi europäesch Zentralbank nach emol zesummen. Da gëtt sech erëm eng Hausse vum Leetzëns erwaart.