US-Bomber fléie viru Küst vu Venezuela
En US-52-Bomber / © Wikimedia / William Lewis
Mat zwee US-B-52-Bomber wollten d'USA en Donneschdeg op en Neits hir Muecht géigeniwwer Venezuela demonstréieren.
Op der Fluch-Trackingplattform Flightradar24 zwar ze gesinn, wéi déi zwee Fliger parallel zu der venezuelanescher Küst geflu sinn. Vun do aus sinn d'Bomber nordëstlech vu Caracas am Krees geflunn, éier si nees laanscht d'Küst geflu sinn, a Richtung Norden ofgedréint a weider op d'Mier eraus. Et ass op d'mannst déi véiert Kéier zanter Mëtt Oktober, datt US-Militärfliger an der Géigend vu Venezuela geflu sinn.
D'USA hunn aacht Krichsschëffer an e puer Kampffliger an d'Karibik geschéckt. Mam massiven US-Militärasaz wëll de President Trump den Drogeschmuggel bekämpfen. Den Trump reprochéiert dem venezuelanesche Staatschef Nicolás Maduro, Drogebanden ze kontrolléieren. Venezuela weist d'Virwërf awer zréck a reprochéiert den USA, d'Regierung zu Caracas stierzen ze wëllen.
Zanter Ufank September gräift déi amerikanesch Arméi Booter an der Karibik un, déi der US-Regierung no Drogen transportéiert sollen hunn. An och am ëstleche Pazifik hunn d'USA e puer Booter ugegraff.
Bis ewell huet Washington awer keng Beweiser dofir virgeluecht, datt déi attackéiert Schëffer wierklech Drogen u Bord haten. Kritiker bezeechnen d'Attacken als aussergeriichtlech Hiriichtungen a Verstéiss géint d'Vëlkerrecht - souguer wa si wierklech Drogendealer ugräife géingen.