5G ass d'Technologie vun der Zukunft, fir modern Apparater mateneen ze verknäppen an Donnéeë méi séier auszetauschen. Mä huet dës Technologie vläicht och Auswierkungen op de Klimawandel? Där Saach ass d'AFP nogaangen.

"Et bedeckt een d'Äerd net mat Mobilfunkmasten a Radarstatiounen, déi alleguer konstant Mikrowellefrequenzen an ëmmer méi héijem Mooss ausstralen, wann ee sech ëm déi global Erwiermung suergt ..." liest een am Text vun engem Bild, dat de 25. Juli 2022 op Facebook gedeelt gouf.

Et gouf an enger Facebook-Grupp mam Numm "We Say NO To 5G in Australia" gedeelt, déi méi wéi 19.000 Follower huet.

D'Bild weist d'Äerd an enger Mikrowell, aus där uewe Mobilfunkmasten a Radarstatiounen erausstinn.

D'Bezeechnungen "SBX-1", "NEXRAD" an "HAARP" sinn op verschiddene Virspréng, déi erausstinn, ze gesinn a bezéie sech op déi verschidde Typpe vu Radaren, déi vun de Vereenegte Staate benotzt ginn.

RTL

Screenshot of the misleading Facebook post, captured on August 29, 2022.

Dat selwecht Bild gouf nieft enger änlecher Behaaptung och an Australien an den USA souwéi vun aneren Anti-5G-Gruppen an Neiséiland an Dänemark gedeelt.

Behaaptung iwwer global Erwiermung

D'Dr. Sarah Loughran, Direktesch fir Stralefuerschung a -berodung bei der Australian Radiation Protection and Nuclear Safety Agency (ARPANSA), sot der AFP: "Et gëtt keng Indicen dorop, dass Radiowellen, Mikrowellefrequenzen oder 5G-Technologien an iergendenger Aart mat der globaler Erwiermung verbonne sinn oder dozou bäidroen."

Si huet bäigefüügt, et wär och falsch ze behaapten, dass "Mobilfunkpottoen konstant Mikrowellefrequenzen op ëmmer méi héijem Niveau erausschécken."

"Mobilfunkmasten notze Funkwellen, fir mobil Geräter ze verknäppen, an d'Emissioune mussen d'Expositiounsgrenzwäerter vun den australesche Sécherheetsstandarden anhalen", sot si.

Fossil Brennstoffer, wéi Kuel, Ueleg a Gas, droen den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen no mat iwwer 75 Prozent vun de globalen Zäregasemissiounen nach ëmmer am meeschten zum globale Klimawandel bäi.

Aner Dreiwer sinn d'Energieproduktioun, d'Zerstéierung vun de Bëscher, d'Notzung vun Transportmëttel,  d'Produktioun vu Liewensmëttel, den Energieverbrauch a Gebaier an den iwwerméissege Verbrauch, sou d'UNO.

Dogéint dréit d'Telekommunikatiounsbranche ronn 1,4 Prozent dozou bäi, wéi Experten am Rapport vun der Telekommunikationsentreprise Ericsson, déi hire Sëtz zu Stockholm huet, weisen.

Den Dr. Diep Nguyen, Dozent op der University of Technology Sydney, sot der AFP, dass d'Verknäppung vu 5G-Technologie mat der globaler Erwiermung "ze extreem" wär, well all Aktioun, déi Energie erfuerdert, zum Klimawandel bäidroe kéint.

Hie sot, d'5G-Technologie ass méi energieeffizient wéi 4G- oder 3G-Netzwierker.

"5G verbraucht insgesamt méi Stroum wéi 4G, mä fir d'Energie pro Dateneenheet ass 5G vill méi energieeffizient wéi 4G an anerer", sot hien.

Net geféierlech fir Mënschen

Experten haten der AFP schonn am Virfeld matgedeelt, dass et keng Beweiser dofir gëtt, dass 5G schiedlech fir de mënschleche Kierper ass, an hu falsch Behaaptungen zeréckgewisen, de Coronavirus wär duerch 5G-Technologie entstanen.

"Et gëtt keng negativ gesondheetlech Auswierkungen duerch d'Expositioun mat 5G", sot de Rodney Croft, Professer op der University of Wollongong.

"'Stralung' bezitt sech souwuel op ioniséierend wéi och op netioniséierend Stralung, an obwuel ioniséierend Stralung (wéi zum Beispill bei Röntgenstralen oder enger nuklearer Reaktioun) grav gesondheetlech Konsequenze wéi Kriibs kann hunn, kann netioniséierend Stralung, an där Quantitéit vu 5G-Stralen, keng gesondheetlech Schied ausléisen", sot hien.

Der Australian Radiation Protection and Nuclear Safety Agency (ARPANSA) no emittéieren Mobilfunkmasten an Australien elektromagnéitesch Energie mat niddrege Frequenze (EME), déi d'Gesondheet vum Mënsch net beanträchtegen.

"Et si keng gesondheetlech Auswierkungen ze erwaarden, wann d'Maste vun de Mobilfunk-Basisstatioune stänneg dem HF-EME ausgesat sinn", heescht et.