D'Desinformatioun, déi sech géint Kiew a seng europäesch Alliéiert riicht, ass zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun an d'Ukrain virun dräi Joer a sozialen Netzwierker omnipresent a breet sech weider aus.

Jéngst Beispill ass e gefälschte Video, an deem den Emmanuel Macron afrikanesch Bierger opfuerdert, "a Frankräich ze plënneren", mam Versprieche vun engem gratis Logement, engem méi liichte Visa an enger Allocatioun vun 1.800 Euro pro Mount.

A Wierklechkeet verdréint de Clip eng fréier Ried vum franséische President - en typescht Virgoe fir Manipulatiounscampagnë wéi Storm 1516, eng grouss ugeluecht Beaflossungscampagne, bei där a groussem Ëmfang Falschinformatioune verbreet ginn.

Zënter dem 21. August 2025 ass op X a YouTube e Video an englescher (1, 2) a franséischer Sprooch (1, 2, 3) am Ëmlaf. E gëtt als angeeblech Campagne vum franséische Ministère fir Europa an d'Ausland duergestallt.

"Frankräich, e Land vun de Chancen an der Gaaschtfrëndschaft, mécht seng Grenze fir Bierger vun der Côte d'Ivoire, aus dem Senegal, Kamerun a Benin op, am Numm vum franséische President Emmanuel Macron an dem Ministère fir Europa an d'Ausland. Am Kader vun eisem Engagement fir kulturell Beräicherung an international Zesummenaarbecht luede mir d'Bierger vun den uewe genannte Länner an, sech an eisem Land néierzeloossen", seet eng Stëmm am Hannergrond.

RTL

© AFP

D'Biller wiesselen tëscht Usiichte vu Paräis an Zeenen, déi an Afrika gefilmt goufen. De Video versprécht dann e "Programm", deen eng vereinfacht Visaprozedur, gratis Logement, d'Iwwerhuele vu Käschte fir Liewensmëttel an Transport souwéi eng Allocatioun vun 1.800 Euro pro Mount ëmfaasst. D'Sequenz schléisst mam Optrëtt vum Emmanuel Macron , deen anscheinend seet: "Kommt a loosst Iech a Frankräich néier. Frankräich waart op Iech."

De Video goung séier viral, ugedriwwe vu lokalen afrikanesche Medien a ville Konten, vun deenen AFP Factuel weess, dass se prorussesch Falschinformatioune verbreeden. "De Macron rullt de rouden Teppech fir Migranten aus", huet beispillsweis de Camille Moscow geschriwwen, deen op sengem X-Kont de russesche Fändel weist a reegelméisseg kremlfrëndlech Norichte publizéiert, besonnesch iwwer de Krich an der Ukrain.

RTL

© AFP

D'Analys vun AFP Factuel weist awer, dass de Video mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf an Deel vun enger neier prorussescher Desinformatiounscampagne ass.

Eng Galaxie vun dubiéise Konten

Esou en nationale Visa- an Allocatiounsprogramm misst, wann et existéiere géing, duerch en Dekreet, eng Circulaire, en Appel à candidatures oder op d'mannst duerch eng speziell Säit op enger institutioneller Internetsäit mat detailléierte Krittären a Virgoensweise bei de concernéierte Ministèren oder Ambassadë formaliséiert ginn. An de consultéierten offizielle Publikatiounen ass awer néierens esou en Indcie ze fannen.

Weeder op der Internetsäit vum Ministère fir Europa an d'Ausland (MEAE) nach op där vum Elysée-Palais, déi béid reegelméisseg Communiquéen an Annoncë publizéieren, gëtt esou e System ernimmt.

E weidere verdächtegen Indice ass, dass den X-Kont "France Pour Tous", dee warscheinlech den Ursprong vun der Desinformatioun ass, eréischt kierzlech, am Mee 2025, ageriicht gouf. E gëtt sech als institutionelle Kont mat Regierungsbezuch aus, benotzt awer Biller a Sloganen, déi mat de franséischen Institutiounen ze dinn hunn.

RTL

© AFP

D'Profilbild an de Banner si bei GettyImage ze fannen (Link hei archivéiert). Dës Elementer entspriechen de Methoden, déi scho bei de prorussesche Campagnen dokumentéiert goufen an déi op bëllegen Imitatioune vu legitimmen Internetsäiten oder Konte berouen. D'AFP huet sech an diversen Artikele mat deem Theema beschäftegt (1, 2, 3). 

Eng ëmgekéiert Billersich huet d'Sequenz um YouTube-Kanal vu "France Pour Tous" fonnt, deen am Mäerz 2024 gestart gi war. Dësen huet just eng Handvoll Abonnenten an huet just ee Video eropgelueden: dës falsch viral Campagne (Video hei archivéiert).

RTL

© AFP

De Video weist de Logo "Emmanuel Macron avec vous" op, deen effektiv an der Presidentschaftscampagne vun 2022 benotzt gouf a fräi op Wikipedia verfügbar ass, wat d'Weidernotzung fir frauduléis Zwecker vereinfacht (Link hei archivéiert). 

Och d'Kommentarer ënner dem Video sinn opschlossräich. Eng Abberzuel Konten, déi eréischt kierzlech ageriicht goufen a Biografien op Tierkesch uweisen, publizéiere stereotypesch Messagë wéi "Ech hu schonn ugefaangen, d'Dokumenter ze sammelen, et ass wierklech einfach a séier" oder "Gaaschtfrëndschaft a Solidaritéit sinn universell Wäerter, déi eis enaner méi no bréngen".

Wann een dës X-Konte kuckt, fält op, dass se systematesch op déi selwecht Bäiträg reagéieren:

RTL

© AFP

Ausserdeem luewe si d'Initiativ zwar e puer Deeg virdrun ënner dem Post vun @France_tous, äussere sech dann awer ënner anere Bäiträg zimmlech kritesch iwwer den Emmanuel Macron a seng Migratiounspolitik (1, 2, 3):

RTL

© AFP

RTL

© AFP

E mat KI generéierte Video

D'technesch Analys vun der Videosequenz reveléiert eng Rëtsch Ongereimtheeten: D'Stëmm, déi dem Emmanuel Macron zougeschriwwe gëtt, weist e perceptibelen Akzent op, an d'Beweegunge vun de Lëpse stëmmen net mat der diffuséierter Ried iwwereneen. Eng Audioanalys vun der Hannergrondstëmm mat Hëllef vum Deepfake-Detekter Hiya.com - deen am Verifizéierungstool InVID-WeVerify dran ass - huet erginn, dass dës "héchstwarscheinlech vu KI generéiert" gouf:

RTL

© AFP

Mat Hëllef vum selwechten Tool konnt och den Originalvideo fonnt ginn. Et handelt sech ëm en Extrait aus dem Joer 2022, an deem de President, deemools nach am Walkampf, ugekënnegt hat, dass d'Gläichstellung vu Fraen a Männer "déi grouss Saach vu sengem Quinquennat 2022-2027" bleiwe géif (Link hei archivéiert).

Déi dozougehéiereg Biller stamen aus lizenzfräie Bilddatebanke wéi GettyImage an Elements.Envato:

RTL

© AFP

RTL

© AFP

Dës Aart vu Contenue weist all Mierkmoler vun de Storm-1516-Campagnen op, déi vu Viginum, der franséischer Agence fir d'Bekämpfe vun Informatiounsmanipulatiounen, beschriwwe ginn. Se zilen dorop of, an Europa an Afrika Verwirrung ze stëften, antifranséisch Narrativer ze nieren a politesch Spannungen ze verschäerfen, besonnesch am Zesummenhang mat der Migratiounsfro (Link hei archivéiert).

"Storm 1516"

Och Gnida Project, eng Fuerschungsgrupp, déi sech op d'Detektéiere vu russeschen Desinformatiounscampagnë spezialiséiert huet, confirméiert, dass si dës Desinformatioun ("Infox") als Deel vun der Operatioun "Storm 1516" identifizéiert huet, bei där a groussem Ëmfang Falschinformatiounen erstallt a verbreet ginn (Links hei an hei archivéiert).

"Dat entsprécht hirem Modus Operandi an de Contenu vun der Campagne gouf iwwer d'Netzwierk vun Influenceren, dat mat Storm 1516 verbonnen ass, verbreet. A mir iwwerwaachen et aktiv", sot den Alex Liberty (Pseudonym), Member vun der Grupp, den 22. August géintiwwer AFP Factuel. Hien och dorun erënnert, dass Frankräich an de Macron "laangfristeg Ziler fir d'Campagnë vu Storm 1516" wären.

"D'Haaptzil" vun der eis interesséierender Campagne wär et, "den Anti-Immigratiounsdiscours weider opzestëppelen", huet hie gemengt an dorop higewisen, dass "eng änlech Storm-1516-Campagne am Dezember 2024 Däitschland als Zil hat". D'Desinformatioun iwwer d'Awanderung a Frankräich ass effektiv e beléift Mëttel, fir ze versichen, d'Meenung ze beaflossen, besonnesch wa Walen an d'Haus stinn.

Dem franséische Verdeedegungsministère no ass d'Operatioun Storm 1516 "zënter op d'mannst August 2023" aktiv a "konnt opgrond vun hirem Ëmfang Auswierkungen op d'ëffentlech Debatt an Europa hunn a souguer eng Rëtsch Wale beaflossen", woubäi d'Zil dora bestéing, "d'Integritéit vu Walen a Fro ze stellen, e Kandidat blousszestellen oder ze ënnerstëtzen, an zwar op der Grondlag vu russeschen Intressien".

Dat Besonnescht u Storm 1516 ass, dass et Kënschtlech Intelligenz notzt, fir Persoune mat oppenem Viséier an Zeen ze setzen. Zu de prominentste Beispiller gehéieren d'prorussesch Campagnen Doppelgänger, Matrjoschka a CopyCop, deenen hir Auteuren a groussem Ëmfang op net authentesch Profiller, sougenannt Bots, zeréckgräifen, fir KI-generéiert Contenuen ze publizéieren, déi ënner anerem dorop ofzile géifen, d'westlech Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ze ënnergruewen.

E weidert Mierkmol ass, dass déi éischt Diffusioun vu Storm-1516-Campagnen dacks iwwer "Single-Use"-Konte geet. Dat heescht, anonym a just fir dësen Zweck erstallt Konten, sou de Rapport vu Viginum.  Se kann och vu Konte vun Drëtte stamen, warscheinlech géint eng Remuneratioun (Link hei archivéiert).

D'Contenue ginn duerno "gewäsch", wa se op Noriichtesäite vun Drëtten, virun allem am Ausland, iwwerholl ginn, déi an den Ae vun den Zilgruppen als glafwierdeg gëllen. Uschléissend ginn d'Noriichte verstäerkt, fir "d'Zilgruppen ze erreechen an eng - onbewosst oder opportunistesch - Iwwernam vun den Narrativer duerch aner Acteuren an Organisatiounen ze bewierken".

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.