Reklamm fir Pseudo-Regimm a Sozialen Netzwierker, fir "méi séier ze lafen"

A Sozialen Netzwierker maachen Influencer a Coache vun all Zort Reklamm fir zum Deel ganz restriktiv Regimmen, mat deene Lafamateuren hir Leeschtung steigere kënne sollen. Besonnesch beléift sinn dobäi déi paleolithesch a ketogeen Regimmen. D'Virdeeler fir Fräizäitsportler muss een awer nuancéieren.
Laangfristeg sinn d'Resultater net eenheetlech a loosse keng eendeiteg Konklusiounen hisiichtlech hirer Effikassitéit fir Sportler zou. Ausserdeem erfuerderen dës Regimmen eng Begleedung duerch Gesondheetsexperten, fir de Risiko vu Mangelernierung ze evitéieren.
Op Instagram, YouTube oder TikTok (1, 2, 3) gi Videoen, déi e Fervent vun den angeebleche Virdeeler vun de ketogeenen a paleolithesche Regimme sinn, vun Internetnotzer dausendfach gedeelt, woubäi si vum staarken Interessi fir Ausdauersportaarte profitéieren. Tëscht 2023 an 2024 sinn dem franséische Liichtathleetikverband no d'Umeldunge fir Trails ëm 24 Prozent geklommen (Link hei archivéiert).
De ketogeene Regimm - och "Keto-Diät" genannt - gouf fir d'éischt vu Vëlosfuerer genotzt, éier e sech an der Trail- a Lafzeen verbreet huet. Bestanddeel vum Regimm ass, Kuelenhydrater an Zocker anzeschränken, fir de Kierper ze zwéngen, eng "aner Energiequell" unzezapen: Lipider (Fetter). "Dëse Regimm, fir schlank ze ginn, berout op der bal vollstänneger Suppressioun vu Kuelenhydrater aus der Ernierung: manner wéi 50 Gramm pro Dag, dat ass sechsmol manner wéi den Duerchschnëtt fir eng equilibréiert Ernierung. Se schléisst ënner anerem Kären, Mëllechprodukter, Leguminosen (Hülsefriichten) oder Ueleger aus. Fir déi liewensnoutwenneg Kalorien zouzeféieren, muss een da méi Eewäiss a virun allem Fett zou sech huelen. Vereinfacht gesot, ësst ee Fett, fir ofzehuelen, a verzicht op Zocker a stäerkthalteg Liewensmëttel", heescht et an der Nott (Link hei archivéiert) vum franséische Service Public d'Information en Santé (SPIS).
D'paleolithesch Diät berout op der Iddi, dass eise Kierper besser un d'Ernierung vun eise Virfare vu viru méi wéi 10.000 Joer ugepasst ass wéi un eis modern Ernierung. De Stoffwiessel vum Mënsch hätt sech nach net un déi meescht Liewensmëttel vun der neolithescher Revolutioun (Akerbau a Véizuucht) ugepasst a kéint Kären, Leguminosen a Mëllechprodukter just schlecht verwäerten. Ausserdeem schränkt se raffinéierten Zocker, stäerkthalteg Liewensmëttel, verschafft Alimentatioun an Ueleger an. D'Paleo-Diät besteet haaptsächlech aus Fleesch, Geméis, Uebst, Champignonen, Wuerzelen an Nëss, déi och Déieren iessen, déi mat Gras gefiddert an op Weede gehale ginn.
Experten, déi vun der AFP befrot goufen, no hunn dës Ernierungsgewunnechten, déi vu Fräizäitsportler benotzt ginn, awer bal keng oder guer keng leeschtungssteigerend Wierkung. Am Géigendeel, se kënne sech als kontraproduktiv erweisen, well se zu engem Mangel u Mineralstoffer, Vitaminnen, Spuerenelementer, Ballaststoffer oder Kalzium féieren.
Neutral Effekter
De ketogeene Regimm, deen ursprénglech fir Epileptiker entwéckelt gouf (Link hei archivéiert), ass an de Sozialen Netzwierker immens beléift an huet sech an der wëssenschaftlecher Fuerschung hisiichtlech sengen Auswierkungen op d'Leeschtung net confirméiert.
D'International Society of Sports Nutrition (ISSN), eng gemengnëtzeg akadeemesch Societéit, déi sech fir d'Fërderung vun der Wëssenschaft an d'Uwendung vun der Sporternierung asetzt, huet de 27. Juni 2024 eng Stellungnam zu ketogeenen Diäte publizéiert (Link hei archivéiert). Op Grondlag vun enger ëmfaassender Literaturrecherche mat Hëllef vun der Datebank "Medline" vun der National Library of Medicine an den USA gouf den Artikel vu féierenden Akademiker gepréift a kommentéiert, éier en als offiziell Stellungsnam erausgeschéckt gouf.
De Fuerscher no huet e "ketogeene Regimm am Verglach zu enger kuelenhydraträicher a méi fettaarmer Diät wäitgoend neutral oder negativ Auswierkungen op d'sportlech Leeschtung, trotz signifikant méi héije Fettoxidatiounswäerter wärend dem [kierperlechen] Training".
Ausserdeem "kënnen d'Auswierkunge vun engem ketogeene Regimm op d'Konditiounsleeschtung souwuel vum Trainingsniveau wéi och vun der Dauer vum Regimm beaflosst ginn, mee fir dat ze klären, si weider Fuerschungsaarbechten néideg. All Etüde mat Héichleeschtungssportler hunn e Leeschtungsoffall am Zesummenhang mat engem ketogeene Regimm gewisen, all [d'Etüden] hu maximal sechs Woche gedauert", heescht et an der ISSN-Nott weider.
"Vu béiden Etüden, déi sech op en Zäitraum vu méi wéi sechs Woche bezéien, huet just eng e statistesch signifikanten Notze festgestallt", heescht et am Dokument weider.
"Et handelt sech ëm eng immens eesäiteg Diät, déi laangfristeg just schwéier duerchzehalen ass. Se ass iwwerhaapt net fir Amateursportler gëeegent, déi doraus kee Méiwäert fir hir sportlech Leeschtung zéie kënnen", huet de Mathieu Jouys, Ernierungswëssenschaftler beim franséische Liichtathleetikverband (FFA) erkläert.
"E puer Elittathleete gräifen dorop zeréck, och wann een haut nees méi op kuelenhydratesch Regimmen zeréckgräift. Mee wann Amateuren dës Method notzen, kann dat geféierlech ginn", warnt d'Nouchka Simic, Sporternerierungsberoderin. Si bedreift och de populäre Wëssenschaftskont Noucka.diet (Link hei archivéiert).
Och d'Paleo-Diät gëtt ëmmer méi beléift. Zwar entsprécht se dem Bestriewen, d'Ernierung ze verbesseren, andeem ee staark verschafft Produkter limitéiert, awer keng zolidd Etüd huet se direkt mat enger Leeschtungssteigerung a Verbindung bruecht. "Dëse Regimm ass weeder gutt nach schlecht, mee huet einfach näischt mat kierperlecher Leeschtung ze dinn. Et lount sech also net, sech u méi oder manner begrënnt Recommandatiounen an Oplagen ze halen, déi mam Risiko vu Mangelerscheinunge verbonne sinn, déi nees immens gutt dokumentéiert sinn", huet de Christophe Lavelle, Fuerscher fir Molekularbiophysik, Epigenetik an Ernierung um CNRS erkläert.
"Ech roden dovun of, well de Paleo-Regimm keng nogewisen Auswierkungen op d'Leeschtung huet an d'Persoun dozou zwéngt, bei all Molzecht grouss Quantitéite Fleesch, Uebst a Geméis ze iessen, wat am Alldag vill Zäit an Energie kascht", verséchert de Mathieu Jouys, fréiere franséische Meeschter iwwer 110 Meter Hecken, deen haut an der Leeschtungsoptiméierungscellule (Cellule d'optimisation de la performance) vun der franséischer Liichtathleetik-Nationalekipp schafft.
E Feeler vum SPIS
Dës komplex Regimmen hunn am Sport zu enger Rëtsch Mythe geféiert, souguer an der Nott vum Service public d'information en Santé (SPIS), deen a Frankräich awer als Referenz fir Gesondheetsfroe gëllt.
An der Nott vum SPIS iwwer de Paleo-Regimm heescht et ënner anerem: "Bei Sportler schéngt de Paleo-Regimm d'Leeschtung op d'mannst kuerzfristeg ze verbesseren."
Fuerscher, déi vun der AFP befrot goufen, no berout den Hiweis awer op enger Feelinterpretatioun vun enger "onzouverlässeger" Etüd aus der Zäitschrëft "Nutrients" mam Titel "Paleolithic Diet—Effect on the Health Status and Performance of Athletes?", déi am Mäerz 2021 publizéiert gi war (hei archivéiert).
"D'zitéiert Etüd ass immens schlecht", seet den Thibault Fiolet, en Dokter fir ëffentlech Gesondheet, dee reegelméisseg mam INSERM zesummeschafft, fir géint wëssenschaftlech Desinformatioun virzegoen. "D'systematesch Literaturrevue an d'Metaanalys respektéieren d'PRISMA-Riichtlinnen net, wat d'Zouverlässegkeet vun der Publikatioun beanträchtegt. Doriwwer eraus schléisst, trotz dem Titel, keng vun den zitéierten Etüde Profisportler mat an - d'Participantë sëtze gréisstendeels, sinn iwwergewiichteg oder leiden un Diabetes oder Häerz-Kreeslaf-Krankheeten. Schlussendlech sinn d'Auswierkungen op d'kierperlech Leeschtungsfäegkeet bal net ënnersicht, se hu sech an 3 Etüde just d'VO2 max [maximal Sauerstoffopnam, e wichtegt Mooss fir d'Physiologie vun der Belaaschtung, Um. v. d. Red.] ugekuckt. Et kann een also kee Resultat iwwer d'Effikassitéit vun der Paleo-Diät op d'sportlech Leeschtung fällen".
De Biophysiker Christophe Lavelle stëmmt zou: "D'Formuléierung vum SPIS ass verzerrt, et ass onméiglech, aus dëser Etüd eng Schlussfollgerung iwwer d'kierperlech Leeschtungsfäegkeet ze zéien. Et gëtt näischt, wat eng paleolithesch Ernierung rechtfäerdege géif, et sief dann, et handelt sech ëm e Cas individuel particulier oder eng besonnesch Pathologie".
D'Etüd vun "Nutrients" huet iwwregens an hirer Konklusioun betount, dass et bis haut "keng wëssenschaftlech Etüd iwwer d'Wierkung vum Paleo-Regimm op Profisportler gëtt".
Vun der AFp dorop ugeschwat, huet de SPIS de Saz an der Tëschenzäit vu senger Internetsäit geholl: "No der Relecture ware mir der Usiicht, dass d'Formuléierung, déi am Artikel virgeschloe gouf, net differenzéiert genuch ass", huet d'Rachel Duriez, Delegéiert vum Service public d'information en Santé, ageraumt. "Mir schaffen am Moment dorun, de Contenu ze aktualiséieren", sot si weider.
Kontraproduktiv?
Béid Regimme kënne sech bei falscher Uwendung als gesondheetsschiedlech erausstellen: "D'Restriktioune kënnen zu Middegkeet an engem gestéierte Verhältnis zum Iesse féieren, wat nees Auswierkungen op Hormoner, Schanken a Schlofstéierungen huet", erkläert d'Nouchka Simic, Autorin vum "Nutri'guide du sportif".
An der Nott vum Service Public d'Information en Santé (SPIS) iwwer de Paleo-Regimm heescht et dohier: "Zwar kann d'Zouféiere vu Kalzium mat bestëmmten Dréchefriichten ugeräichert ginn, mee se bleift limitéiert, well déi wichtegst planzlech Kalziumquellen (Kären a Leguminosen, Uebst, Som, Geméis asw.) beim Paleo-Regimm net berécksiichtegt ginn. An Etüden iwwer dës Diät louch d'Zouféiere vum Kalzium bei manner wéi 50 Prozent vum Dagesbedarf".
De ketogeene Regimm kann och "lästeg Niewewierkungen an eng erhieflech net equilibréiert Ernierung" ausléisen, stellt de SPIS fest. Well en net iwwer e méi laangen Zäitraum duerchféierbar ass, kann et beim Retour op déi normal Ernierung zu enger méi staarker Gewiichtszounam an zu engem Mangel u Mineralstoffer, Vitaminnen, Spuerenelementer a Ballaststoffer kommen.
Ierféierend Videoen
"Et handelt sech ëm en expandéierenden Universum, et gëtt ëmmer méi ierféierend a geféierlech Virschléi a Sozialen Netzwierker, déi op dekontextualiséiert Schnëppelen aus Etüde berouen", bedauert d'Nouchka Simic. D'interministeriell Kommissioun fir d'Iwwerwaachung a Bekämpfung vu geféierleche Entwécklunge bei Sekten (Miviludes; Mission interministérielle de vigilance et de lutte contre les dérives sectaires) huet an hirem Rapport 2025 wéinst de potenziellen Entgleisunge vu Pseudo-Ernierungswëssenschaftler Alarm geschloen (Link hei archivéiert).
Op der mëttlerer [Courssen tëscht 800 an 3000 Meter, Um. v. d. Red.] an op der laanger Distanz hu 35 Prozent vun den Athleeten eng Prevalenz fir Iessstéierungen", stellt de Mathieu Jouys fest. Fir géint dës Mythen unzekämpfen, déi sech an der Welt vum Lafsport ëmmer nach verbreeden, huet de franséische Liichtathleetikverband matgedeelt, dass en un der Entwécklung vun enger Applikatioun fir Ernierung schaffe géif. Et wär virgesinn, dass dës 2026 de franséischen Athleeten zur Verfügung stéing. Se soll iergendwann och fir lizenzéiert Memberen zougänglech sinn.
Vill Sportler änneren hir Ernierung mam Zil, hir Gesondheet ze fërderen, fir hiert vollt Potenzial auszeschëpfen", erkläert den Ernierungswëssenschaftler. D'Ernierungsgewunnechte sinn awer staark individuell an hänke vun der Heefegkeet an der Intensitéit vum Training, dem Alter, dem Stoffwiessel an dem Liewensstil of a sollte mat engem Gesondheetsexpert ofgeschwat ginn".
Ernierungsberoder a -medezinner, déi am franséische Code de santé publique opgeféiert sinn, sinn déi eenzeg, déi eng professionell Ernierungsberodung duerchféieren dierfen. Fir sécherzegoen, dass Dir en diploméierten Ernierungsberoder consultéiert, kënnt Dir am Répertoire partagé des professionnels de santé (RPPS) op der Internetsäit vun der ARS vun Ärer Regioun nokucken.
Experte recommandéieren Amateursportler, sech virun allem un eng ofwiesslungsräich an equilibréiert Ernierung ze halen, awer och Waasser ze drénken. Dehydratioun ass den éischte leeschtungslimitéierende Facteur.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
