RTL-FaktencheckKann dat neit Loyersgesetz d'Exzesser bei de Locatiounspräisser verhënneren?

RTL Lëtzebuerg
RTL huet dat neit Logementsgesetz op de Leescht geholl. Wat kéint sech änneren a ginn d'Exzesser um Locatiounsmaart mam neie Gesetz verhënnert?
© Romolo Tavani / Shutterstock - Beaarbecht vun der RTL Grafik

Eng besser Protektioun vun de Locatairen, dat gëtt als éischt Zil vum neie Loyersgesetz an der Presentatioun vum Logementsminister Henri Kox opgelëscht. An engem Interview mat Radio Lëtzebuerg vum 3. November huet den Henri Kox präziséiert, d’Exzesser wëllen ze vermeiden. Dat héiert Dir hei oder méi spezifesch nach hei.

Dat neit Bail-à-Loyer-Gesetz ass den Ament nach um Instanzewee a gëtt deemno nach net applizéiert. Mä wat kéint sech änneren, wann den Text esou gestëmmt gëtt, wéi en aktuell virläit? A ginn dann d’Exzesser verhënnert?

Dofir eng Rei Beispiller am Verglach. Am Capital investi, deen heifir gewielt gouf, sinn d’Fraisen, déi bei engem Kaf opkommen, mat abegraff, fir d’Beispiller iwwersiichtlech ze halen. Et si bewosst keng Metercarréen uginn, well dës am aktuellen an am neien Text fir d’Berechnung vum Loyer keng Roll spillen. Fir d’Beispiller ass d’Calculatrice vum Logementsministère benotzt ginn. Déi fannt Dir hei an hei:

  • Beispill 1: En Appartement, dat am Joer 1970 fir ëmgerechent 35.000 € kaf gouf an ni renovéiert ginn ass.

PDF: Aktuell Calculatrice vum Logementsministère (1970)

Back to Top
CIM LOGO