Opgepasst ArnaqueRTL a Grand-Duc Henri maache keng Reklamm fir Projet, mat deem ee 500 Euro den Dag ka verdéngen

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medie mécht nees e Video, dee mat kënschtlecher Intelligenz beaarbecht gouf, Reklamm fir en dubiéise Projet, mat deem ee Sue verdénge kann.
Fake-Journal Reportage mam Grand-Duc Henri.
Mam Habillage vum RTL Journal, dem Raphaëlle Dickes als Journalisten an de Grand-Duc Henri am Reportage gëtt op franséisch Reklamm fir en dubiéise Site gemaach.

Eng weider Kéier gouf den Habillage vum RTL Journal, awer mam Logo vum alen däitschen RTL, genotzt, fir Reklamm fir eng KI ze maachen, mat där een "500 Euro den Dag" ka verdéngen. Ënner anerem op Facebook kann een dëse Message op der Säit vun "Luxembourg Aujourd'hui 3" gesinn, déi op e Link op eng komesch Säit mat der URL "quas-rerum-quas" verweist.

Video versprécht dausenden Euro pro Woch

Am Video goufen d'Aussoen, d'Stëmm an d'Beweegunge vum Mond vun der Kënschtlecher Intelligenz esou manipuléiert, datt se openee passen a bal natierlech wierken. Duerch dës Manipulatioun mécht de Grand-Duc Reklamm fir e Projet, deen "d'Liewe vun all deenen, déi dëse Video gesinn, radikal wäert veränneren". Säi "perséinleche Projet" wier just fir d'Bierger vum Land developpéiert ginn a mat engem Investissement vun 200 Euro kéint een 10.000 oder 20.000 Euro den Dag verdéngen, respektiv bis zu 500 Euro de Mount.

E Fake, deen duerch KI ëmmer besser gëtt

De Video ass natierlech e mat KI generéierte Fake a mécht Reklamm fir en dubiéise Projet, dee weder vum Grand-Duc developpéiert gouf nach iergendee Lien mat Lëtzebuerg huet. Dofir, sollt een dëse Video ugewise kréien, dann op kee Fall op de Link klicken an de Post direkt bei Facebook, X a Co mellen.

Fir dëse Bäiträg gouf den Habillage vun RTL genotzt a fir méi genee ze sinn vum Journal-Newsflash vum 23. Mäerz, wat een un de Kleeder wéi och der Ketten vun der RTL-Journalistin a Presentatrice Raphaëlle Dickes kann erkennen.

Fir d'Bildmaterial vum Grand-Duc Henri ze fannen, muss ee scho méi wäit zeréckgoen. Iwwer eng Sich mat Google Lens konnt een erausfannen, datt d'Material optesch der Usprooch vum elo pensionéierte Staatschef änelt, déi hien am Mäerz 2020 am Kader vun der Coronakris ginn hat. Esouwuel den Hannergrond, wéi och d'Kleedung an de Kapp vun der Statu, déi vum Büro vum Grand-Duc Henri steet, passen esouwuel am Originalvideo wéi och am gefälschte Video iwwerteneen.

Duerch eng Kënschtlech Intelligenz krute esouwuel d'RTL-Journalistin wéi och de Grand-Duc wieder an de Mond geluecht, déi si ni gesot hunn. Hei schwätzt ee vun engem Deepfake. Dëst ass ëmmer méi schwéier eleng un de Mondbeweegungen oder der Stëmm z'erkennen, mä an dësem Fall ginn et verschidden Indicen. Esou ass den RTL-Logo, deen uewen am Eck vum Video genotzt gëtt, net dee richtegen an eis Moderatrice Raphaelle Dickes schwätzt Franséisch. De Journal op der Tëlee wéi och den Newsflash sinn awer op Lëtzebuergesch a just an Ausnamefäll gëtt mat Invitéen, déi am Journal sinn a kee Lëtzebuergesch schwätzen, an enger anerer Sprooch kommunizéiert. Och de Grand-Duc schwätzt am Originalvideo Lëtzebuergesch a seng Stëmm wéi och den Inhalt goufe mat KI manipuléiert.

An eng kleng Wäisheet, déi fir villes, wat een am Internet fënnt, gëllt. Wann eppes ze gutt kléngt, fir wouer ze sinn, ass et warscheinlech och net wouer.

Back to Top
CIM LOGO