Fake-Video an de soziale MedienVerréit de Jean-Claude Juncker en Trick, fir vill Geld ze verdéngen?

RTL-Faktencheckekipp
An engem Video, deen op Instagram als Reklamm optaucht, gëtt de fréiere Premier en Ex-EU-Kommissiounspresident gewisen, wéi hien anscheinend e geheimen Trick verréit.
© Screenshot / RTL Grafik

Mat der Krawatt net ganz festgezu sëtzt de Jean-Claude Juncker an engem Büro virun engem grousse Bicherregal. Op Franséisch, a mat engem klengen Accent, awer an der typescher Tounlag vum fréiere Premier schwätzt dës mat KI manipuléiert Versioun vum EX-CSV-Premier doriwwer, wéi degoûtéiert hie wier vun de grousse Banken, déi ëmmer méi räich ginn, an déi kleng Leit géifen emol net genuch verdéngen, fir hir Rechnungen ze bezuelen.

Elo, wou hien an der Pensioun wier a keng Funktioune méi hätt, – ëmmerhi war de richtege Jean-Claude Juncker jo Lëtzebuerger Aarbechtsminister, Lëtzebuerger Finanzminister, Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident – kéint hien de Leit e klengen Trick verroden, deen u sech awer geheim sollt bleiwen. Duerch d'Investéiere vu klengen Zomme kéint ee ganz vill Suen erauskréien. Dat wier awer just fir eng limitéiert Unzuel vu Leit de Fall an déi Éischt wiere vir.

De Video, esou d'Behaaptung, géif ee just ugewise kréien, wann een auserwielt wier. Dann ass et och nach d'Warnung, séier ze handelen, well de Risiko grouss wier, datt dëse Video géif verschwannen.

Säit, déi Reklamm gepost huet, viru Kuerzem erstallt

Gepost gouf d'Reklamm vun der Säit "Luxembourg Finance Review", déi awer eng Adress an den USA ugëtt an och eng amerikanesch Telefonsnummer an de Kontakter stoen huet. D'Säit gouf Facebook no den 28. Juli 2026, also virun zwou Wochen, erstallt, an huet hiren Numm schonn dräi Mol geännert. De Video selwer ass net op der Facebook-Säit ze fannen an d'Säit op Instagram schéngt et net méi ze ginn.

Fazit: De Jean-Claude Juncker verréit kee geheimen Trick

Dëse Video vum Jean-Claude Juncker ass en Deepfake. Êt huet een d'Ausgesi vum fréiere Premier geholl an dësem duerch KI-Manipulatioun aner Wierder an de Mond geluecht. Wien d'Aart a Weis vum fréiere Premier, fir ze schwätzen, kennt, mierkt bei den Nuancen awer, datt dëst net seng Aart a Weis ass, obwuel d'KI d'Tounlag vum Jean-Claude Juncker gutt hikrut.

Als Basis vum Hannergrond ass de Büro geholl ginn, deen de Jean-Claude Juncker no senger Zäit als Kommissiounspresident vun der EU zu Bréissel zu Verfügung gestallt krut. Vu wéini d'Originalopnamen sinn, konnte mer net genee novollzéien.

Ëmmer nees änlecht Virgoen

Et ass net déi éischte Kéier, datt e Video mat Lëtzebuerger Politiker oder och dem Grand-Duc mat KI esou verfälscht gouf, datt si Reklamm fir dubiéis Produiten oder Investissementer gemaach hunn.

Hutt Dir Sujeten, déi mir kontrolléiere sollen, oder aner Informatiounen? Schéckt eis déi u red@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO