
Am Laf vum Joer 2025 goufe weltwäit 2,89 Billiounen also 2.890 Milliarden US-Dollar u Militärdepensen ausginn, dat schreift d’Friddenfuerschungsinstitut Sipri e Méindeg an enger neier Publikatioun. Inflatiounsberängegt ass dat nees e Plus vun knapp 3 Prozent an domat en neien Héchstwäert. Vergläicht een d'Depense mat deenen aus dem Joer 2015, ass et eng Hausse vu ganzer 41 Prozent.
Mat gréisstem Ofstand investéieren d'USA weider am meeschten an hiert Militär, nämlech zejoert ganzer 814 Milliarden. Dono komme China, Russland an Däitschland.