
Den nigerianesche President Bola Tinubu huet e Freideg annoncéiert, dass a sengem Land am Laf vum leschte Joer méi wéi 13.000 Terroristen ëmbruecht gi sinn. Dobäi huet de Politiker net preziséiert, ob hien sech dobäi op d'Joer 2025 oder op déi lescht 12 Méint bezitt.
Donieft huet den Tinubu d'Resultater vun der Operatioun "Safe Condor" gelueft. Deemno hätten zanter 2023 méi wéi 124.000 Persounen hir Waffen néiergeluecht an d'Zuel vun den Terror-Affer wier ëm 81 Prozent zréckgaangen.
Nigeria ass dat Land, an deem déi meeschte Leit an Afrika liewen an huet zanter Laangem a sengen nërdleche Regioune mat dschihadistesche Gruppéierungen ze dinn. Dobäi kommen aner Gruppen aus dem Sahel an aner arméiert Banden. Zanter 2009 sinn an Nigeria virun allem duerch d'islamistesch Terrorgrupp Boko Haram méi wéi 35.000 Persounen ëm d'Liewe komm a ronn zwou Millioune Leit geflücht.