Am Zesummenhang mat militäresche Flich iwwer Nordkorea ass e Freideg de fréiere President vu Südkorea Yoon Suk-yeol zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn. Vum Bezierksgeriicht an der Haaptstad Seoul ass hie wéinst Begënschtege vum Feind a Muechtmëssbrauch schëlleg gesprach ginn, sou d'Noriichtenagence Yonhap.
De Yoon wier am Oktober 2024 bedeelegt gewiescht un Droneflich iwwer Pjöngjang, fir e Virwand ze schafen, d'Krichsrecht auszeruffen. Der Uklo no haten déi Dronen d'Spannunge mat Nordkorea verschäerft. Ausserdeem hätt Pjöngjang duerch d'Ofstierze vun e puer Dronen Zougrëff kritt gehat op geheim Informatiounen iwwer déi militäresch Ausrüstung vu Südkorea.
Dem Ex-President seng Affekoten hunn erkläert, hire Mandat géif all d'Virwërf kontestéieren an hätt ni den Uerder gi fir esou eng Missioun. Déi Vollen hätten ausserdeem näischt mam Krichsrecht ze di gehat, mee wieren eng Reaktioun op nordkoreanesch Ballonen gewiescht, mat deene wärend Méint Offall iwwer d'Grenz fléie gelooss gi war.
De Parquet hat am Abrëll 30 Joer Prisong gefuerdert fir de konservative Politiker, dee schonn am Februar liewenslänglech kritt hat, wéi e Geriicht hie verurteelt hat wéinst dem Versuch, d'Krichsrecht auszeruffen. Duerch säi Virgoe war déi véiertgréisst Ekonomie am asiatesche Raum an eng schwéier politesch Kris geroden. De Yoon hat d'lescht Joer säin Amt ewechgeholl kritt.