An der Demokratescher Republik Kongo breet sech den Ebola-Virus weider aus. D'Zuel vu confirméierte Fäll ass mëttlerweil op 676 geklommen. Dat huet de lokale Gesondheetsministère en Donneschdeg den Owend confirméiert.
136 Doudesfäll goufe bis ewell registréiert. Déi aktuell Epidemie gëtt jo vun der seelener Bundibugyo-Variant ausgeléist, géint déi et bis ewell weder eng effikass Therapie, nach en Impfstoff gëtt.
Iwwerdeems ass den Ausbroch vum Virus an Uganda ënner Kontroll, heescht et vun de Gesondheetsautoritéite vun der Afrikanescher Unioun. Dëst wier virun allem duerch eng intensiv Poursuite vun ronn 800 Kontaktpersoune geschitt. Offiziell waren an Uganda 19 Infektioune gezielt ginn, an der Majoritéit bei agereeste kongoleesesche Staatsbierger. Zwou Persoune ware gestuerwen.