"Lutte géint Zwangsaarbecht" wier just Virwand25 US-Bundesstaate kloe géint dem Donald Trump seng nei Tariffer

RTL Lëtzebuerg
25 US-Bundesstaaten, déi all vun den Demokrate regéiert ginn, hu géint déi nei Importtariffer vun der US-Regierung geklot.
© JIM WATSON/AFP

Déi Taxen tëscht 10 an 12,5 Prozent betreffe 60 Handelspartner, dorënner och d'EU.

D'Bundesstaaten halen d'Begrënnung vun der Regierung, de Kampf géint méiglech Zwangsaarbecht, fir e Virwand a gesinn doran en onrechtméissege Versuch, d'Kompetenze bei den Tariffer auszebauen.

D'Wäisst Haus weist déi Virwërf zeréck a behaapt, d'Mesure wier gesetzlech ofgeséchert.

Schonn am Februar hat den Ieweschten US-Geriichtshaff änlech Douanestariffer als gesetzeswiddreg agestuuft. Duerno hat d'Regierung concernéiert Betriber mat Milliarden Dollar missen entschiedegen.

Back to Top
CIM LOGO