
Zu Tréier ass e Mëttwoch de Moie géint 10 Auer e jonke Mann vun 23 Joer no enger Gewaltdot an der Robert-Schuman-Allee um Petrisberg gestuerwen. Dat confirméiert d’Police vun Tréier, déi awer aus ermëttlungstechnesche Grënn weider nach net vill Detailer kann nennen.
D’Affer wier wuel duerch e Messer ëmkomm. Op der Plaz konnt hien nach kuerz vu Secouriste reaniméiert ginn, ma tëschenzäitlech wier e verstuerwen, huet et an enger Matdeelung vum Polizeipräsidium Trier geheescht. De Verdächtegen, een 23 Joer ale Mann, hätt sech no der Dot aus dem Stëbs gemaach, konnt awer kuerz drop am Kader vun enger Sich lokaliséiert a festgeholl ginn. De Beräich ronderëm d’Robert-Schumann-Allee um Petrisberg, wou och d'Tréierer Uni ass, war groussraimeg vun der Police ofgespaart.
D'Kriminalpolizei huet d'Ermëttlungen opgeholl. Iwwer d'Hannergrënn vun der Dot ass aktuell nach näischt bekannt. D'Dot wier awer wuel vun enger Rei Zeie gesi ginn, well se sech op oppener Strooss zougedroen huet.Si goufe vun Noutfall-Seelsorger betreit.
Wien d'Dot suivéiert huet a sech nach net bei der Police gemellt huet, ass gebieden, dat ze maachen. D'Tréierer Police ka per Telefon um 0049 651 983-43900 erreecht ginn an och iwwert hiert Hiweisportal kënnen Informatioun iwwermëttelt ginn. Heiriwwer kënnen Zeien zum Beispill Fotoen oder Videoe vun der Dot eroplueden. D'Police vun Tréier mécht gläichzäiteg den Opruff, Videoen oder Fotoen op kee Fall an déi Sozial Medien eropzelueden - souwuel aus Respekt virun der Famill wéi och fir d'Ermëttlungen net ze beanträchtegen.