WHO-Etude
Anti-Tubak-Mesuren erreeche 60% vun de Leit

Ee Reklammsverbuet, héich Steieren a Schockbiller, sou Anti-Tubak-Mesuren areeche wuel méi Leit wéi fréier, mä nach ëmmer ze mann.
Zu där Conclusioun kënnt d'Weltgesondheetsorganisatioun an enger neier Etüde. Wéi et heescht, géifen iwwer 60% vun de Leit sou Mesuren areechen. Tubaksindustrie géif se allerdéngs nach ëmmer op ville Plazen behënneren.
All Joer stierwe weltwäit siwe Millioune Persounen un de Suitte vum Tubakskonsum. Dat wier esou, wéi wann een all Joer déi ganz Populatioun vu Bulgarien oder Paraguay géif ausläschen, heesch et vun deene Responsabele vun der WHO.
Am meeschte gelies