Am Hibléck op déi déif politesch Kris am Land gouf elo d'peruanesch Presidentin Dina Boluarte vum Parlament aus hirem Amt enthuewen.

118 vun 130 Deputéiert vum peruanesche Kongress hunn an der Nuecht op e Freideg dofir gestëmmt, d'Staatscheffin ofzesetzen, déi zanter Dezember 2022 am Amt war. Den Interim iwwerhëlt wéi erwaart de José Jeri. Zur Begrënnung heescht et, d'Boluarte wier op Dauer moralesch net kapabel, d'Regierung vum Land ze féieren.

Baussent dem Parlament an der Haaptstad Lima hate sech an där Zäit ronn 100 Persoune versammelt. Wéi d'Resultat vun der Ofstëmmung bekannt gouf, hu si vu Freed gejaut. Véier Mol war schonn eng Demande gestallt ginn, d'Staatscheffin vum südamerikanesche Land aus dem Amt z'enthiewen. An der Nuecht op en Donneschdeg gouf si an d'Parlament geruff, fir do géint d'Virwërf kënne Stellung ze huelen. Déi 63 Joer al Politikerin huet dëst allerdéngs refuséiert.

Den temporären Nofollger José Jeri huet kuerz no senger Vereedegung annoncéiert, eng Iwwergangsregierung ze forméieren an ze leeden. Déi nächst Parlaments-a  Presidentschaftswale sinn am Abrëll 2026 virgesinn. Déi elo ofgesate Boluarte hat de 7. Dezember 2022 d'Amt vum och ofgesaten an inhaftéierte lénksgeriichte Staatschef Pedro Castillo iwwerholl. Als Reaktioun koum et zu massive Protester, bei där d'Police relativ brutal virgaangen ass. Mënscherechtsorganisatiounen no koumen dobäi honnerte Persounen ëm d'Liewen.