Optakt vun der grousser Aids-Konferenz um Sonndeg

© AFP
Ronn 6.000 Experten kommen do zesummen an diskutéieren iwwert d'Fuerschung, nei Medikamenter, méiglech Impfstoffer a wéi ee Infektioune kéint verhënneren.
Zejoert sinn 1 Millioun Mënschen un Aids gestuerwen. Bal 37 Millioune Mënsche weltwäit sinn infizéiert. Et ginn haut Medikamenter, déi Krankheet am Grëff halen. Geheelt ka se awer net ginn an eng Impfung gëtt et och nach net.
Virop maachen si sech awer Suergen ëm d'Finanzéierung vun de Fuerschungsprojeten, nodeems den US-President Donald Trump domadder gedreet huet de Budget ze kierzen.
D'USA sinn zënter Joren, dat Land dat am meeschte Suen an de Kampf géint den HIV stécht. D'Lescht Joer waren et 4,9 Milliarden Dollar, datt si ronn zwee Drëttel vum Budget deen d'Fuerscher zur Verfügung hunn. Den Donald Trump wëll dee Betrag, dat anert Joer, awer ëm eng Milliard kierzen.