Déi amerikanesch Santé FDA wëll den Nikotingehalt an den Zigaretten drastesch reduzéieren an dofir suergen, datt d'Fëmmen net méi ofhängeg mécht.

Fëmme soll net méi süchteg maachen. D'Iddi kléngt revolutionär a kënnt aus den USA. Do soll an Zukunft den Nikotingehalt vun Zigaretten esou erofgesat ginn, dass Zigaretten eben net méi süchteg maachen.

Dat ass op d'mannst Zil vun der aflossräicher amerikanescher Liewensmëttel- a Medikamenten- Administratioun FDA.

An den USA géingen all Joer iwwer eng hallef Millioun Leit duerch d'Fëmme stierwen an dat léich un der Sucht.

Donieft envisagéiert d'FDA, fir Menthol-Zigaretten an Zigarette mat Goût ze verbidden.

D'Wäisst Haus steet hannert dëser Iddi.

D'Reaktioun op den Aktiemäert weist, wéi d'Tubaksindustrie doriwwer denkt. D'Aktiëcoursë vun de gréissten Tubakproduzente sinn op der New Yorker Wallstreet an de Keller gefall.