Fuerscher wëlle Salmonellen an der Kriibstherapie asetzen

© AFP
Wëssenschaftler vum Helmholtz-Zenter fir Infektiounsfuerschung zu Braunschweig hunn d'Tatsaach genotzt, dass sech d'Bakterië geziilt an Tumeuren usiddelen.
Salmonelleninfektioune kënne liewensgeféierlech Suitten hunn, dowéinst hunn d'Fuerscher en Erregerstamm entwéckelt, dee eng harmlos Infektioun ausléist a gläichzäiteg den Immunsystem staark genuch aktivéiert, fir Tumeuren ze bekämpfen.
Schratt fir Schratt gouf d'Bakterie genetesch verännert a versicht eng optimal Balance tëscht Sécherheet an net genuch Immunitéit ze fannen. Déi Mënschen, déi nämlech scho mat Salmonelle a Kontakt waren, sinn immun. Déi verännert Bakterie mobiliséiert dogéint déi kierpereegen Ofwier. U Mais konnt déi nei Method mat Succès getest ginn, den nächste Schratt ass eng klinesch Etüd.
D'Fuerschungsaarbecht gouf an der Fach-Zäitschreft "OncoImmunology" verëffentlecht.