Dat aalt Gebai vum 3-Stäre Restaurant "Schwarzwaldstube" ass ganz ofgebrannt

© AFP/dpa/dpa/picture-alliance/Andreas Rosar
Uerge Brand am bekannten Hotel-Restaurant "Traube Tonbach" zu Baiersbronn am Schwarzwald. Blesséiert gouf awer keen.
D'Pompjeeë schwätzen awer vun engem Schued am Millioune-Beräich.
E Brandmelder an der Kichen hätt géint 3.13 Auer ugeschloen. Wéi d'Pompjeeën ukomm wären, hätt een ewell oppe Flame gesinn, heescht et.
An dësem Gebai vum Hotel wäre keng Gäscht ënnerbruecht. Well den Damp awer an den Haaptdeel vum Etablissement gezu wär, hätte 63 Clienten d'Haus misse verloossen.

© Sebastian Zier/Facebook
D'Ursaach vum Feier wär nach net bekannt, esou d'Police.
Um Sonndeg de Moie fréi hätt de Restaurant nach gebrannt, e Sonndeg de Mëtteg war et dunn awer geläscht. Et sinn awer nach ëmmer Pompjeeën op der Plaz, fir ze verhënneren, datt nach iergendeppes geschitt. Dat sot de Patrick Schreib, den Direkter vu Baiersbronn Touristik, am RTL-Interview.
D'Gebai, dat 230 Joer al war an zum gréissten Deel mat Holz gebaut gouf, hat bannent kuerzer Zäit gebrannt. Eng 150 Pompjeeën waren iwwer Stonnen am Asaz, fir d'Flamen ënner Kontroll ze kréien.
An engem Message op Facebook schreift d'Famill, där den Hotel gehéiert, vun engem groussen Ongléck, dat een awer als Chance wéilt notzen.
D'"Schwarzwaldstube" ass en Dräi-Stäre-Restaurant an ass net nëmme bundeswäit bekannt, mä och iwwer d'Grenzen ewech. De Restaurant dierft esou munch Lëtzebuerger bekannt sinn.