Zu New York huet de Premier Luc Frieden zesumme mam Ausseminister Xavier Bettel erkläert, datt Lëtzebuerg Palästina offiziell als Staat unerkennt.

Béid Politiker schwätze vun engem historesche Schratt, deen e Signal fir Fridden an enger Zwee-Staate-Léisung am Noen Oste soll ginn. De Philip Crowther huet erkläert, datt iwwer 150 UNO-Memberstaate matmaachen, d'USA an Däitschland awer nach net. Trotz der Kritik vum Donald Trump bei der UNO wëll Lëtzebuerg gutt Relatioune mat Israel an den USA erhalen.

D'Lëtzebuerger Regierung ënnersträicht, datt d'Decisioun net géint Israel geriicht ass, mee béid Vëlker, Israel an d'Palästinenser, e Recht op hiren eegene Staat hunn.