De franséische President Emmanuel Macron huet sech en Dënschdeg gezwonge gesinn, 30 Minutten zu Fouss duerch New York ze lafen.

An engem Video ass ze gesinn, wéi de franséische President no senger Ried virun der UN, an där hie Palästina als Staat unerkannt huet, aus sengem Presidentewon klëmmt. Säin Auto war virdru vum Donald Trump sengem Auto-Convoi blockéiert ginn.

De President Macron geet bei eng Rei Polizisten, fir hinnen ze erklären datt hien duerch misst fir bei déi franséisch Ambassade, ma déi soen him, et wier näischt ze maachen. "Et deet mer leed, Här President. Et deet mer wierklech leed, mee alles ass agefruer, een Auto-Convoi ass um Wee."

De President Macron rifft doropshin dem US-President Trump un an erzielt him déi ongewéinlech Situatioun: "Wéi geet et dir? Rot emol wat! Ech waarden an der Strooss, well alles fir dech agefruer ass."

De Macron konnt kuerz drop weider, ma net a sengem Won. Nach ëmmer um Telefon ass hien d'Strooss mat senge Security-Leit zu Fouss erof gaangen. E Journalist vu "Brut", deen d'Situatioun gefilmt huet, sot de Macron wier eng 30 Minutte bis bei déi franséisch Ambassade gelaf a wier ënnerwee och stoe bliwwen, fir Fotoe mat Passanten ze maachen.

E Méindeg hate Frankräich, d'Belsch, Lëtzebuerg, Malta an aner Länner Palästina op der UN-Vollversammlung zu New York formell unerkannt. Den Dag virdrun hate scho Groussbritannien, Australien, Portugal a Kanada den Ufank gemaach.

Den US-President Trump huet d'Vereenten Natiounen a senger Ried virun der Vollversammlung en Dënschdeg den Owend eiser Zäit iwwerdeems schaarf kritiséiert. "D'Vereenten Natiounen hunn esou ee risegt Potential", esou den Trump en Dënschdeg zu New York. "Ma si kommen net usazweis un dëst Potential erun." Virun allem an hirer Missioun fir de Fridden hätt d'UN versot.

Den Trump huet iwwerdeems op en Neits behaapt, hien hätt a senger zweeter Mandatsperiod, déi am Januar ugaangen ass, scho siwe Kricher op een Enn bruecht. "Leider hunn d'Vereenten Natiounen an all dëse Fäll nach net emol probéiert ze hëllefen." De Klimawandel huet den US-President Trump iwwerdeems als de "weltwäit gréisste Bedruch aller Zäiten" bezeechent.