An engem Schreiwes huet de Global Movement to Gaza iwwert d'Situatioun vun de Schëffer bericht, déi aktuell mat Hëllefsliwwerunge Richtung Gaza fueren.

D'Global Sumud Flotilla ass eng Schëffsflott, déi sech Ufank September mat Hëllefsliwwerungen op de Wee Richtung Gaza gemaach hat. Mat um Depart waren och dräi Aktivisten aus Lëtzebuerg, vun deenen elo eng net méi derbäi ass.

D'Maya Garman huet d'Missioun wéinst gesondheetleche Problemer missten ofbriechen. Si wäert, wéi et am Communiqué heescht, zwar weider aktiv hëllefen, dat awer net méi um Schëff. D'Nora Rosa Fellens Huberty ass aktuell um Schëff "Johny M.", dat wéinst technesche Problemer fir knapp 36 Stonnen um Mier op Reparatiounsaarbechte gewaart hat, elo awer nees ënnerwee ass a sech der reschtlecher Flott gläich nees uschléisse wäert. Ob et fir d'Schëff "Mawal" mam Abdessamad Taqui aus Lëtzebuerg weider geet, ass nach net gewosst. Aktuell steet dëst am Hafen op Sizilien, nodeems de Mast vum Schëff gebrach war.

Dronenattacken an onbekannt Objeten

Am Schreiwes ass rieds vun Dronenattacken, déi d'Flott an deene leschten Deeg a Stonnen nees getraff hunn. Deemno sollen et an deene leschte 24 Stonnen 13 Explosiounen op an nieft de Schëffer gi sinn. Donieft goufen och 15 Dronen erkannt a bis elo onbekannt Objete registréiert, déi deelweis op d'Schëffer gefall sinn a Schued ugeriicht hunn. Aktuell soll dobäi awer nach keng Persoun blesséiert gi sinn. E Mëttwoch de Moie soll de genauen Ausmooss vum Schued festgestallt ginn.

De Global Movement to Gaza mécht fir d'Attacken Israel responsabel. Si géifen déi iwwer 500 zivil Aktivisten u Bord vun der Flott a Gefor bréngen. Iwwerdeems géing Israel eng Desinformatiounscampagne féieren, andeems si der Flott reprochéiert, Gewalt uwenden ze wëllen.