Huet den Trump siwe Kricher an de leschte siwe Méint op en Enn bruecht?

© Photo by TIMOTHY A. CLARY / AFP
Zu New York huet den Donald Trump en Dënschdeg op en Neits behaapt, an de leschte siwe Méint siwe Kricher eegestänneg op en Enn bruecht ze hunn.
Op der UN-Vollversammlung huet den US-President Trump sech viru groussem Publikum selwer gelueft, ënner anerem fir seng Beméiungen, siwen "endlos" Kricher mat "dausenden Doudegen" zanter sengem zweeten Amtsuntrëtt op en Enn bruecht ze hunn. Zäitgläich huet hien d'UN staark kritiséiert, well déi dobäi "net mol probéiert hätt, ze hëllefen". D'Membere vun der UN wieren net fir den Trump do gewiescht a si hätten als Stëfter vum Fridde versot, sou den US-President weider.
Obwuel den Trump nach am August beim Treffe mam ukrainesche President vu sechs Kricher geschwat hat, huet hien zu New York elo siwe Kricher opgezielt, déi hie "wéi nach keen anere President virun him" op en Enn bruecht hätt. Opgezielt huet hien de Konflikt tëscht Armenien an dem Aserbaidschan, Indien a Pakistan, Israel an dem Iran, Ruanda an der DR Kongo, Kambodscha an Thailand, Ägypten an Äthiopien an tëscht Serbien an dem Kosovo. Ma wéi gesäit d'Situatioun bei de jeeweilege Konflikter aus?
Armenien - Aserbaidschan
Zanter 1988 gëtt et den Nagorno-Karabach-Konflikt, bei deem sech Armenien an Aserbaidschan ëm den Territoire am Kaukasus streiden. Wat ufanks vun der Republik Arzach, gréisstendeels chrëschtlechen Armenier, reklaméiert gouf, war zanter enger Offensiv 2023 haaptsächlech nees ënnert der Kontroll vum Aserbaidschan. Nëmmen ee schmuele Korridor war Richtung Armenien bliwwen an d'Leit sinn an d'Republik Arzach verdriwwe ginn. Am August 2025 gouf am Wäissen Haus dann eng Friddenserklärung tëscht béiden Natiounen an den USA ënnerschriwwen. Dobäi gouf nieft engem strategeschen Transitkorridor fir den Handel och en Enn vun de Kampfhandlunge festgehalen. Wärend sech béid Staate konnten duerch den Trump eens ginn, huet d'Kritik aus dem Iran, deen och un de Korridor ugrenzt, net laang op sech waarde gelooss. Si géingen de Korridor net erlaben, well et d'Sécherheet am Südkaukasus a Gefor brénge géing an och hiren Zougang zu Armenien ofschneide géing. Eng zefriddestellend an definitiv Léisung fir all d'Parteien aus der Regioun konnt hei zanterhier also nach net fonnt ginn.
Demokratesch Republik Kongo - Ruanda
Ee weidert Friddensofkommes gouf Enn Juni am Wäissen Haus tëscht der DR Kongo a Ruanda ënnerschriwwen. Am Konflikt tëscht béide Staate war et zanter 2022 dauerhaft zu arméierten an déidlechen Ausernanersetzungen um Grenzgebitt komm. Dem Ruanda gouf virgeheit, d'Rebellebeweegung M-23 militäresch ze ënnerstëtzen. No villverspriechende Verhandlungen zu Washington huet den Trump den Enn vum Krich fir sech reklaméiert an de Ruanda huet doropshin tatsächlech Truppen aus dem Kongo ofgezunn. Zu engem Enn vun de Gefechter ass et awer net komm, well d'M-23-Rebellen d'Ofkommes net mat ënnerschriwwen haten. D'Friddensofkommes huet domat trotz enger Schlichtung tëscht Kongo a Ruanda net de gewënschte Succès bruecht an d'Ausernanersetzungen hu weider ugehalen.
Pakistan - Indien
Am Abrëll 2025 war et no enger Terrorattack op Touristen an der Kaschmir-Regioun zu enger Eskalatioun tëscht Indien an dem Pakistan komm, bei där vu béide Säiten attackéiert gouf. Zwar hätt den Donald Trump bei Gespréicher eng Vermëttlerroll tëscht béiden Natiounen iwwerholl, zu engem Waffestëllstand soll et no Aussoe vum indesche Verdeedegungsminister awer ouni d'Hëllef aus den USA komm sinn. Et hätt een de Konflikt ouni Drock vu baussen op en Enn bruecht, well déi politesch Ziler erreecht goufen. Och den indesche Premier huet en decisiven Afloss vun enger US-amerikanescher Vermëttlung am bilaterale Konflikt negéiert. Pakistan huet dogéint den USA Merci gesot an den Trump fir de Friddensnobelpräis proposéiert.
Israel - Iran
Am Juni war et zu enger militärescher Ausernanersetzung tëscht Israel an dem Iran komm, bei där et Loftattacke vu béide Säite gi waren. Och d'USA hat sech un Attacken op iraneschem Territoire bedeelegt. No 12 Deeg huet den Trump op senger Plattform Truth Social e Waffestëllstand annoncéiert, deen hie mat béiden Natiounen ausgehandelt hat. Dem Accord no sollten nieft dem Enn vum bewaffente Konflikt och d'Nuklearanlagen a -Capacitéiten zerstéiert ginn. Zanterhier goufen d'Atomverhandlungen awer net méi weidergefouert an den Iran kéint der Aschätzung vun Experten no d'Uräicherung vum Uran an de Bau vun Atomwaffen ëmmer nach weiderféieren.
Kambodscha - Thailand
Am Juli 2025 waren déi jorelaang Tensiounen un der Grenz tëscht dem Kambodscha an Thailand nees ausgeschloen, nodeem et an de Regioune Surin an Thailand an Oddar Meanchey am Kambodscha zu Gefechter komm war. Géigesäiteg gouf sech reprochéiert, zivil Ziler attackéiert ze hunn. De 26. Juli war d'Zuel vun den Doudesaffer am Ganzen op 33 geklommen. Den Donald Trump huet doropshin zu engem Waffestëllstand opgeruff, zu deem et den 28. Juli dann och komm war. Nëmmen e puer Stonne méi spéit goufen awer op en Neits vereenzelt Attacken an der Grenzregioun gemellt. Zanter dem 6. August gouf duerch e géigesäitegen Accord vu béide Verdeedegungsministèrë festgehalen, déi südostasiatesch Staategemeinschaft ASEAN fir d'Beobachtung am Grenzgebitt ze installéieren. Obwuel d'Gefechter zwar konkret op Äis geluecht konnte ginn, ass domat de jorelaange Konflikt ëmmer nach net ganz geléist.
Ägypten - Äthiopien
De Bau vun engem grousse Staudamm um Nil an Äthiopien huet zu engem Sträit mat Ägypten gefouert. Ägypten, dat fir d'Landwirtschaft fir de gréissten Deel vum Waasser vum Floss ofhängeg ass, fäert, datt d'Waasserknappheet doduerch an Zukunft weider zouhuele kéint. De Sträit ass bis elo nach net an ee bewaffente Konflikt ëmgeschloen a vun der US-Regierung gouf et, bis op eng Warnung vum Trump Richtung äthiopesch Regierung, an deem Kontext relativ wéineg Efforten, fir de Sträit tëscht béide Parteien ze schlichten an eng Léisung ze fannen.
Kosovo - Serbien
Am Juni huet den Donald Trump op enger Pressekonferenz am Oval Office, bei deem de Friddensaccord tëscht der DR Kongo a Ruanda ënnerschriwwe gouf, behaapt, hien hätt e méigleche Krich tëscht Serbien an dem Kosovo verhënnert krut. Deemno soll ee Kolleeg aus Serbien him gesot hunn, si solle prett gewiescht sinn, "mat engem Grupp" an de Krich géint de Kosovo ze zéien. Dës Pläng wieren dunn awer wéinst der Interventioun vum US-President gestoppt ginn.
Huet den Trump wierklech siwe Kricher bannent siwe Méint op en Enn bruecht?
Vun engem Enn vun de "Kricher", déi den Trump op der UN-Vollversammlung zu New York en Dënschdeg genannt huet, ka schlussendlech net geschwat ginn. Dat aus dem Grond, well et bei e puer vun den Opzielunge rezent mol nach net zu richtege bewaffenten Ausernanersetzungen, also Kricher, komm war, sou wéi tëscht Ägypten an Äthiopien an tëscht Serbien an dem Kosovo.
Op der enger Säit goufen zwar Friddensgespréicher mam US-President gefouert an deelweis och Waffestëllstänn ausgehandelt, trotzdeem kann heibäi net vun engem definitiven Enn vun de jeeweilege Kricher geschwat ginn, ma héchstens vun engem provisoresche Stopp vu Konflikter, un deenen den Trump bedeelegt war. Op e puer Plazen, wéi tëscht Thailand an dem Kambodscha, gouf sech da beispillsweis net u Waffestëllstänn gehalen, an op anere Plaze sinn, och wann d'Gefechter zwar deelweis konnte gestoppt ginn, d'Tensioune weider do an ëmmer nach net ganz vum Dësch.