E verbale Glissement huet den US-President Trump hënt komme gelooss, wéi hien den iranesche Generol Soleimani als "son of a bitch" bezeechent huet.

Dat ganzt ass wärend engem Walkampf-Optrëtt zu Milwaukee geschitt.

Wuertwiertlech sot den Donald Trump: "dass duerch d’Gewalt-Doten, déi de Soleimani kommandéiert hätt, vill Ziviliste Glidder verluer hätten. Si hätten elo keng Äerm oder keng Been méi duerch dee fils de pute – hien hätt schonn virun 20 Joer sollen ëmbruecht ginn".

An den USA gëtt et iwwerdeems weiderhi Kritik um Mord vum Soleimani, an dat well dem President seng Argumenter fir déi Attack, d’Strooss wuel net halen.

TV-Duell vun den Demokraten

Am US-Bundesstaat Iowa ass den 3. Februar den Optakt vun de Virwale vun den Demokraten, wou bestëmmt gëtt, wien Presidentschaftskandidat soll ginn.

Genee do war an der Nuecht op e Mëttwoch och eng weider TV-Debatt tëscht 6 vun den demokratesche Kandidaten.

Dobäi gouf d’Agéiere vum President Trump an der Iran-Affär schaarf kritiséiert. Den Ex Vize-President Joe Biden huet dem Trump carrement virgehäit gelunn ze hunn, an der Argumentatioun firwat een de Generol Soleimani misst liquidéieren. De Senateur Bernie Sanders huet virun engem Krich gewarnt, dee méi schlëmm kéint ausfalen, wéi den Irakkrich.