Bei engem Feier am Zoo zu Krefeld sinn op Silvester iwwer 30 Déiere gestuerwen, e puer goufe blesséiert.

Ee Gorilla hat esou schwéier Blessuren dovugedroen, dass en huet missen op Neijoerschdag erschoss ginn. D'Déierendoktesch hat him zwar eng Iwwerdosis u Schmäerzmëttel ginn, ma d'Medikamenter haten awer net gewierkt. Se sinn net duergaangen, fir den Af anzeschléiferen. E 34 Joer ale Polizist krut doropshin d'Erlabnis, de Gorilla z'erschéissen an hien esou vu senger Péng z'erléisen.

Am Beriicht vum Inneministère heescht et, dass den Asaz fir de Beamten immens "belaaschtend" gewiescht wier. Hie géing psychologesch betreit ginn an hätt déi Deeg no Neijoerschdag "intensiv Gespréicher" gefouert, fir de Virfall ze verschaffen.