USA a China ënnerschreiwen Handelsofkommes

© afp
Den US-amerikanesche President an de chinesesche Vice-Ministerpresident hunn e Mëttwoch den Owend en éischt Handelsofkommes ënnerschriwwen.
Et ass en Deelofkommes, dat vum Contenu hier op verschidden Theme limitéiert ass an dat elo bal zwee Joer nom Ufank vum Handelskrich zustane koum. Mat den Ënnerschrëfte vum Donald Trump an dem Liu He soll eng weider Eskalatioun vum wirtschaftleche Konflikt tëscht béide Länner verhënnert ginn.
Virun allem déi US-amerikanesch Landwirtschaft an d’Industrie solle preliminär profitéieren. China huet sech engagéiert, an den nächsten 2 Joer fir 200 Milliarden Dollar zousätzlech amerikanesch Produiten ze kafen, fir den Desequiliber auszegläichen. Dat war eng vun den Haaptfuerderunge vum Wäissen Haus.