E Mëttwoch koum et um Flughafen zu Alicate a Spuenien zu engem Feier um Daach. D'Gebai huet missen evakuéiert ginn.

Och um Donneschdeg wäert op d’mannst emol bis an de fréie Mëtteg era kee Fliger kënne landen oder starten..

D’Läschaarbechten wiere weiderhin am gaang, heescht et vun de spueneschen Autoritéiten. Wat d’Feier um Daach vum Gebai ausgeléist hat, ass nach net gewosst.

"D'Feier wier ënner Kontroll, awer nach net komplett geläscht", esou AENA der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.

10 Arrivéeën an 12 Departen hunn e Mëttwoch missen annuléiert ginn.