Trotz enger Wafferou, déi u sech zanter e Sonndeg misst gëllen, goufen et Loftattacke vun de staatleche syreschen Truppen op Rebelle-Positiounen zu Idlib.

Dobäi wieren op d’mannst 40Mënschen ëmkomm, haaptsächlech Zivilisten an 2 Kanner, huet de syreschen Observatoire fir Mënscherechter confirméiert.

Bis zu 650.000 Leit sinn an der Regioun op der Flucht, wat awer net sou einfach ass, well vill Regiounen ronderëm Idlip vun islamisteschen Milizen kontrolléiert ginn.