An der Nuecht op en Donneschdeg hunn d'Bundesregierung an déi betraffe Bundeslänner sech op en Ofschaltplang fir d'Kuelekraaftwierker gëeenegt.

Am Laf vum Donneschdeg de Moie sollen et op enger Pressekonferenz Detailer iwwert dëse Plang ginn.

Dass een aus dem Kuelestroum géif erausklammen, war gewosst. Just de geneeën Oflaf war bis ewell net gekläert. Virun engem Joer war decidéiert ginn, dass Däitschland bis 2038 spéitstens kee Stroum méi wéilt aus Kuel produzéieren.

RTL