Iwwer 1000 Doudeger
Sich no Impfstoff géint Coronavirus gëtt virugedriwwen

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO organiséiert eng international Konferenz, fir d’Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus.
Wëssenschaftler op der Ganzer Welt fuerschen schonn zanter enger Zäit fir e Géigemëttel. Verschiddene Labo’en ass et scho gelongen de Virus nozeziichten.
Mëttlerweil sinn a China méi wéi 1000 Doudeger ze bekloen. Weider 108 infizéiert Patienten wieren an de leschte 24 Stonnen gestuerwen.
Am meeschte gelies