Nodeems zwee Drëttel vun alle Walbüroen ausgezielt sinn, kënnt de Senateur op eppes iwwer 26% vun de Stëmmen.

Dat ass liicht méi wéi de Pete Buttigieg, deen op ronn 24,5% kënnt, a jo iwwerraschend déi éischt Virwalen am Iowa gewanne konnt.

Eng weider Enttäuschung gouf et dogéint fir den Ex-Vizepresident Joe Biden, dee just op déi 5. Plaz kënnt, mat grad emol gutt 8% vun alle Stëmmen.

D'Amy Klobuchar huet sech als 3. klasséiert, d'Elizabeth Warren koum op déi 4. Plaz.

Zwee demokratesch Kandidaten, den Andrew Yang an de Senateur Michael Bennet, zéie sech zréck.

Bei de Republikaner huet den Donald Trump d'Virwale gewonnen, dat well et keng richteg Konkurrenz gouf.

Virwalen New Hampshire
Am US-Bundesstaat New Hampshire sinn um Dënschdeg déi zweet Virwale vun den Demokraten, fir e Presidentschaftskandidat ze designéieren.