Walen an Irland
Fianna Fail krut 38 Sëtz, Sinn Féin 37 a Fine Gael 35

© AFP
An Irland gëtt déi lénk-republikanesch Sinn-Féin-Partei zweet Kraaft am Parlament.
D'Partei, déi laang Zäit als politeschen Zweig vun der I.R.A ugesi gouf, zielt elo 37 Sëtz vun 160. D'zentrum-riets Fine Gael vum Premier Leo Varadkar huet der just nach 35, iwwerdeems déi aner zentrum-riets Fianna Fail mat 38 Sëtzer gréisst Partei am Parlament ass.
Wéinst deem enke Score tëscht den 3 Parteie kënnege sech komplizéiert Koalitiounsverhandlungen an Irland un.
Am meeschte gelies